LN Sports Team
   
 
Option Sport & Santé_Curling

Curling kenneléiren an ausprobéiren: Option Sport et Santé 2e

De Marc Hansen, de Yannick Hansen an den Daniel Kelly vum Curling Club Hiversport Lëtzebuerg hunn eis een Dënschden de Nowend , de 27. Januar 2015, hire Sport virgestallt.

Mir hunn d'Sportart, déi zanter 1998 olympesch ass, mat hire Regelen an Dimensiounen kenne geléiert, an duerften de "Spirit of Curling" an der Praxis op der 40 Meter langer a 4,75 Meter breeder Bunn erliewen.

Den "dolly shot" ass eis leider net gelong; den een oder aneren "take out" oder "guard" hu mir awer réusséiert. Dat ustrengenst war d'"sweep'ën".

 

Fir den Ausdrock vun enger Schülerinnen ze benotzen: De Curling-Owend wor mega "epic".

Avis aux amateurs!

 

Photoen

 

 



 
Top! Top!