LN Sports Team
   
 
Ski- a Snowboardstage zu Landgraaf (NL)

Méindes, de 19. Dezember 2016 fuere mir erëm op Landgraaf (NL) ang eng Skihal.

Mir fueren 4 Stonnen Ski-oder Snowboard an enger iwwerdeckter Skihal. De Bus fiert ëm 07h00 beim Lycée fort, an mir sinn erëm géint 18h00 zeréck.
Den Stage ass virun allem fir Ufänger geduecht di nach ni Ski resp. Snowboard gefuer sinn.

Wann der wëllt matgoen dann kennt dir iech ab dem 16. November am Sportsproffebüro umellen.
Onkäschten fir Skimaterial/Skicours an Entrée: 40 pro/Persoun. D'Schoul bezillt de Bus.

Umeldung just mat Schülerkaart, ´Autorisation parentale´ an 40 ! Maacht schnell well et sinn just 65 Platzen am Bus.

Ënnen op dëser Säit fannt Dir nach Informatiounen souwéi d' Autorisation parentale! Einfach eroflueden!

Dir braucht en plus eng Autorisatioun vun der Gemeng, déi dir bäi äerer Gemeng musst ufroen (kréie mir leider vum Gesetz sou virginn bäi Reesen an d´Ausland)

 PS: Dir kënnt eech an der Skihal och eng Skibox an eng Skijacket léihnen wann dir keng hutt (kascht allerdings e puer Euro)!

PPS: Op der Plaz ass en Imbiss wou dir Iech kennt eppes vir ze iessen kafen. Dir kennt Iech awer natiirlech och e Piquenique mathuelen! 

Depart Bus: Wolz (Lycée): 07h00
  Wëntger (Schoul): 07h15
  Elwen (Gemeng) 07h30


 

SnowWorld Landgraaf

Photoen 2010 2011 2012 2013

 

SKI A SNOWBOARDSTAGE LANDGRAAF_2016_Autorisation parentaledownloads: 329 | type: pdf | size: 119 kB
SKI A SNOWBOARDSTAGE LANDGRAAF_2016_Informatiounendownloads: 312 | type: pdf | size: 98 kB
Ski a Snowboardstage Landgraaf_2015_Informatiounendownloads: 455 | type: pdf | size: 98 kB
Ski a Snowboardstage Landgraaf_2015_Autorisation parentaledownloads: 465 | type: pdf | size: 119 kB


 
Top! Top!