LN Sports Team
   
 
Basketball ISF Meedercher

Basketball ISF Meedercher 2010/2011

Den 18. November sinn 4 Meedercher vum LN mat hirem Coach, dem Joelle Scharlé, an d´Stad an den LGL gefuer vir sech an der Halleffinall vum ISF Championnat am Basketball den Spillerinnen vum Sportslycée ze stellen. Leider konnte mer net mat der ganzer Equipe vun der Qualifikatioun untrieden, an mir hunn missen 40 Minutten an Ënnerzuel spillen. No engem fulminanten Start, wou den LN mat 8-0 a Féierung konnt goen, hutt den Top-Favorit awer dominéiert an am Enn och mat 84-42 sech kéinten duerchsetzen. Trotz dëser kloerer Nidderlag hunn eis 4 (!) Meedercher en wierklech gudden Match gespillt! Et kann een sech also schon op d´nächst Joer freeën!

Resultater Halleffinallen a Photoen

 

Den 21. Oktober gouf d´Qualifikatioun am ISF Championnat am Basketball bei de Meedercher gespillt. Och eise Lycée war duerch d´ Barthel Camille, Poncin Vanessa, Mouton Mareva, Hermes Nora a Dragoulovcanin Muniba vertrueden an hutt am Athenée an der Stad sech dréi Géigner gestalt. Eis Meedercher konnte sech sou och géint de Lycée de Garçons Esch (15-13) a géint de Stadter Lycée Robert-Schuman (37-7) duerchsetzen. Alleng dem Lycée de Garçons Luxembourg (LGL) hun si sech misse geschloe ginn (18-30).

Den 18. November trefft eis Equipe an der Halleffinall op de Favorit, den Sportslycée! Gespillt gëtt um 15:30 am LGL. An där anerer Halleffinall spillt de LGL géint de LAML (Lycée Aline Mayrisch).

Go for it!

Resultater a Photoen

 

 



 
Top! Top!