LN Sports Team
   
 
Futsal Senioren

Futsal Senioren 2015/2016

De 19. November 2015 gouf den éischten Tour vum Futsal-Championat vir Senioren bäi eis zu Wolz an der Hal gespillt. Eis LN-Equipe hutt missen géint den Atert Lycée vu Réiden an den Lycée Technique vun Ettelbréck untrieden. Obwuel eis Jongen gutt gespillt hunn, goufen déi 2 Matcher verluer.

Et hu gespillt: Yann Loos, Gil Azevedo, Pit Baustert, Carlos Pinto, Basti Schroeder, Sam Rickal, Joël Pinto

Resultater

Pics

 


Futsal Senioren 2013/2014

Den 10.Oktober 2013 gouf d´Virronn am Futsall-Championnat vun der LASEL bäi de Seniore gespillt. An eiser Pool hu mir eis misse géint d´Equipë vum NOSL, vum LTHD a vum LCD beweisen. Eise Spiller, dem Cosic Maid, Da Mota Dany a Jordy, Glod Christoph, Oliveira Sergio, Scheilz Pit a Joe souwéi Schroeder Sébastien ass dat och méi wéi gegléckt. Déi 3 Matcher hunn eis Spiller souverän gewonn. De Maid ass Topscorer mat 5 Goaler, virum Basti mat 3 Goaler, de Sergio trefft 2x an de Joé a Jordy waren 1x erfollegräich.

Finall, mir kommen!

LN - NOSL:  2-0
LN - LTHD: 7-0
LN - LCD:  3-1

Resultater Virronn

An der Finall, déi den 21. November 2013 am LGL gespillt gouf, hutt eis LN-Equipe an der Virronn gudd gespillt a war gläich zweemol erfollegräich: De Finalist vum leschte Joër, den LTC hu mir mat 3-2 geklappt a Péiteng mat 3-0 iwwerrannt. Dëst ass ëmsou méi staark, wann een bedenkt dat Péiteng den Tournoi schlussendlech gewonnen hutt. An der Halleffinal hutt eis Equipe leider onglecklech géint den LGL verluer, soudat mir aus dem Tournoi raus waren. Op alle Fall war et eng gudd Leeschtung vun eise Jongen.

Vun lenks no riets am stoën: Head-Coach, Jordy Da Mota, Sergio Oliveira, Adis Civic, Maid Cosic, Christoph Glod. Am sëtzen: Sadmin Alili, Dany Da Mota, Sam Rickal, Dany Fernandes, Hajan Osmani.

Resultater Finallronn

Photoen

 


Futsal Senioren 2012/2013

Den 10. Januar 2013 goufen d´Virronnen am Futsal vun de Seniore gespillt. Den LN war och mat dobäi an eis Jongen hunn an enger ganz beandrockender Equipe-Leeschtung hir 3 Matcher gewonn an si spillen elo de 24.Januar an der Final.

LN- NOSL: 3-0 

LN - LCD: 2-1

LN - LTHAH: 10-0

An der Finallronn hunn eis Jonge 4-2 géint den LJBM gewonn an 1-2 géint den LGL verluer. Als zweeten an der Pool ass den LN an d´Halleffinall komm wou mir op den LTC getraff sinn. Trotz guddem Spill hu mir eis missen 1-2 geschloe ginn. Den LN gratuléiert dem Gewënner, dem LTB!

All Resultater

Photoen

Eis Spiller sinn: Pol Peiffer, Dany Da Mota, Maid Cosic, Adis Civic, Sergio Oliveira, Emko Cosic, Jordy Da Mota, Joe Scheilz an Dany Fernandes.

 


Futsal Senioren 2010/2011

Den 3. Mäerz hutt eis Jongen-Fussballsequipe um LASEL-Championnat Futsal Seniors deelgeholl. Fir den LN hunn gespillt den Adis Civic, Vito Fiume, Joel Magalhaês, Jang Wiltgen, Dany Fernandes, Lucien Nicolas a Micael Ferreira. Am Goal stoung den Taki Bui Tan Dat.

Eis Equipe konnt sech an hirer Pool mat 2 vun 3 gewonnene Matcher op déi zweete Plaz spillen. An der Halleffinall sinn si dunn op den éischte vun der zweeter Pool, dem LTETT (Lycée Technique Ettelbruck) getraff. Dëse Match hunn eis Jonge leider kloer mat 7-1 verluer. Ettelbréck war deen Dag ze staark; och vir hire spéidere Géigner an der Finall, dem ECG.

LNW - ECG:1-2

LNW - LTL: 3-1

LNW - LGL: 1-0

LNW - LTETT: 7-1 (Halleffinall)

Photoen

 

Am éischten Tour hunn eis Jongen folgend Resultater erzielt:

1:0 gewonn géint den NOSL
1:1 gläich géint den LCD
7:0 gewonn géint den LTHAH

Domat sinn si déi 1. ginn an hunn sech fir d'Finall qualifizéiert!

D'Finall ass den 3. Mäerz an der Stad!

Bonne Chance!

 

Matt dobai waren:

Uewen: Romeo Marinho, Sabotic Ragip, Pauly David, Magalhaes Joel

Ennen: Fernandes Dany, Nicolas Lucien, Fiume Vito, Bui Tan Dat

 



 
Top! Top!