LN Sports Team
   
 
Gym Open

Gym Open 2014/2015

Dëst Joer si mir zu 5 op Uewerkuer gefuer vir um Gym Open deelzehuelen.

D' Lynn Zeimes hutt den LN bäi de Meedercher vertrueden an ass hei Fënneft ginn. Leider hutt d' Lynn um Sprong net seng normal gutt Leeschtung kéinte weisen, wouduerch eng Podiumsplaz net réaliséiert konnt ginn.

Eis 4 Jongen, de Ralph, de Stéphane, de Leo an de Guillaume, ginn déi éischt am Gesamtklassement bäi de Jongen! De Ralph gëtt a senger Kategorie am Gesamtklassement den 2. an de Guillaume 3.

Resultater

Pics kommen no!


 

Gym Open 2012/2013

D´Gym Open 2013 goufen an der Turnhal zu Conter ofgehal. Dëst Joer si mir leider nëmme mat 2 Turnerinnen ugetrueden a konnten sou natierlech eis traditionell super Resultater am Generalklassement net verteidegen.

Eis Meedercher hunn sech awer trotzdem ganz gutt geschloen. No 3 Geräter (Stufebarren, Sprong a Buedem) turnt sech d´Anna Ewen op déi ganz gutt 4. an d´Lynn Zeimes op déi 6.Plaz bäi de Minimen.

Resultater

Photoen

 


Gym Open 2011/2012

Souwuel eis Jongen wéi och eis Meedercher erturnen sech déi zweete Plaz am Generalklassement vun dem Gym Open 2012 zu Contern. Och wann mir gäre vir d'4. Kéier hannereneen gewonn hätten, sou sinn mir immens zefridden mat dësem excellente Resultat!

Eis Turnerinnen sinn: Jacobs Anne, Leunessen Sarah an Anne, Schmit Christine a Veronique, Barthel Camille, Tieff Noémie, Texeira Claire a Lynn, Ewen Jeanne an Anna souwéi Hermes Nora.

Eis Turner sinn: Atkinson Sam, Paulus Sven, Lempereur Sven an Dostert Andy.

Leunessen Anne a Lempereur Sven ginn Champion! Barthel Camille, Atkinson Sam a Paulus Sven ginn Drëtten. Dostert Andy gëtt Zweeten.

Resultater

Pics

 


Gym Open 2010/2011

Den 12. Mee hutt eis Konschtturnequipe vir drëtt hannereneen d´Gym Open bei den Meedercher gewonnen! An der Turnhal zu Housen hunn eis Turnerinnen an Turner an deenen 3 Geräter ganz gutt Leeschtungen gewisen. Bei de Jongen gouf Buedem, Parallelbarren a Sprong geturnt; d´Meedercher hate Buedem, Sprong a Stufenbarren um Programm.

Vir den LN hunn d´Véronique a Christine Schmit, Blanche Nickels, Claire De Carvalho Texeira, Sarah an Anne Leunessen, Jana Rothe, Jessie Atkinson, Kathrin Ewen, Camille Barthel a Nora Hermes geturnt. Bei de Jongen war de Sven Paulus, Andy Dostert, Sam Atkinson, Mathieu Serres a Charel Kremer dobäi.

Resultater sinn elo do!

Resultater a Photoen (Oppassen: et sinn 2 Säiten)



 
Top! Top!