Den LN fiert erëm op 2Alpes (F) virun der Ouschtervakanz op e Ski-a Snowboardstage!
Hei kënnt dir an enger flotter Ambiance Ski oder Snowboard léieren resp. perfectionnéieren an dobäi mat ville Jonken (och aus anere Schoulen) eng schéin Zäit erliewwen!
Weider Infos souwéi den Umellungsformulaire (ënnen op der Säit)
LN-Fussballsequipe an der Halleffinal
Nov 23 2016, 10:48
Gratulatioune Jungs!
Eis Senior-Fussballsequipe hutt gëschter d'Halleffinal erreecht vun der ISF-Qualifikatioun!
Am Klammchampionnat vun de Netlizenzéierten hunn eis Sportler super ofgeschnidden:
Championstitel vir d'Meyers Claire, d' Hannah Eeckels an d'Francisca Eeckels kommen béid op déi zweete Plaz an hirer jeweileger Kategorie! Bäi de Cadetten verpasst d'Emma Day leider d'Finall a gëtt 6.
Mir ware jo virun Ouschteren op 2Alpes an e Ski- a Snowboardstage. Hei um Site fannt dir e klengen Artikel vun der flotter Rees!
LN-Trophy-Ranking ass eraus
Apr 21 2016, 12:50
Den LN-TROPHY-Ranking nom 2.Trimester ass eraus. Op den éischten 2 Plazen hutt sech näischt verännert: Den Daniel Remy bleift un der Spëtzt, virum Eeckels Francisca. Op der drëtter Plaz ass elo d'Remy Anna!
Am Klasseranking ass d'7O2 virun der 701 an der 6CM1! Bravo a weider sou! Ranking
LASEL's Kalenner vum 3. Trimester
Apr 21 2016, 12:26
Dëst Trimester hu mir e flott gefëllten LASELs-Programm Donneschdegnomëttes. Schreif dech op de Lëschte virum Sportsproffebüro an! Programm
LN SPORTS TEAM op Facebook
Mar 08 2016, 12:20
Dir kënnt eis vun elo un och op Facebook verfollegen.
Like us
Futsal Championnat am LN
Mar 07 2016, 13:54
Eis Minimes-Fussballsequipe hutt leschten Donnegden gutt gespillt. Obwuel si just hiren éischte Match verluer hunn, gung et awer net duer vir an déi nächst Ronn ze kommen.
Um LASEL-Championnat am Badminton vir Net-lizenzéiert Spiller hutt de Louis Pütz sech op déi 4.Plaz bäi de Cadets gespillt.
Den Joé Beck gëtt an der Kategorie Juniors 6. Weider war de Benjamin Müller och vir den LN am Asaz. Weider
Skilandesmeeschterschaft zu Adelboden
Jan 26 2016, 10:30
Eis Lycée war dëst Schouljoer mat 2 Schüler an d'Schwäiz op d'Skilandesmeeschterschaft gefuer.
De Philippe Leyder an de Béryl Huveneers waren dobäi. Béid sinn un den Depart vum Riseslalom gaang, am Slalom hutt awer just de Philippe deelgeholl. Leider konnte mir awer dëst Joer kee Championstitel mat heem bréngen. D'Martine Konijnenberg war net matgefuer a konnt soumat och net säin Titel verdeedegen.
Mëttwochsmëttes gëtt jo an der LASEL Fussball gespillt.
Dir kënnt awer nëmmen matspillen wann dir entweder um 11:50 oder um 12:30 an der Hal sidd!
Eis Damenfussballequipe verpasst d'Finallronn
Jan 26 2016, 10:23
Eis Meedercher konnten sech leschten Donnegden leider net and 'Finallronn kicken! Weider
Daniel Remy un der Spëtzt vum LN-Trophy Ranking
Jan 12 2016, 10:33
Den éischte Ranking vum LN-Trophy 15/16 ass eraus!
Nom 1. Trimester ass den Daniel Remy op éischter Plaz, virum Francisca Eeckels a Claire Meyers! Congrats a weider sou!
Déi éischt 20 um Schluss vum Schouljoer ginn op e Sportsstage vun 2 Deeg op Remerschen agelueden. Hei steet ënneranerem Wakeboard a Longboard um Programm! Check de komplette Ranking!
LASEL-Programm vum 2.Trimester
Jan 05 2016, 12:51
Check de Programm vun de LASELS-Aktivitéiten (Donnesdesmëttes) vum 2. Trimester! Weider
Mell dech op de Lëschten bäim Sportsproffebureau un!
Photoe vum LN-Trophy 14/15 elo online...
Dec 28 2015, 17:51
D' Photoen vum LN -Trophy sinn elo endlech online...sorry... Weider
Op alle Fall war et wéi all Joer schéin an d'TOP 20 war einfach nëmmen TOP! Den aktuelle Ranking vum Schouljoer 15/16 kënnt geschwënn!
Schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch!
Dec 18 2015, 14:28
D' Sportsproffenequipe wënscht Iech all schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch!
Genéisst är Vakanz! Op e sportlecht a virun allem glécklecht Joer 2016!
Pics vu Landgraaf
Dec 18 2015, 14:26
Hei fënns Du Photoen vun eisem Ski- a Snowboarddag zu Landgraaf. Weider
Championstitel vir den LN am Futsal
Dec 14 2015, 15:39
Bravo LN'er! Eis Futsal-equipe bäi de Cadet'e gëtt Champion!
Eis Fussballsequipe (Senioren) hunn leider hir 2 Virronn-Matcher verluer a sinn demno net weider. Weider
Ski, Schnéi & méi!
Nov 24 2015, 12:11
Déi genau Infoe vir de Ski- a Snowboardstage zu Deux Alpes (Frankräich) virun der Ouschtervakanz sinn elo raus. Dir kennt Iech elo aschreiwen! Weider
Ski a Snowboardstage zu Landgraaf
Nov 12 2015, 12:21
Mir fueren erëm de leschten Denschden virun der Chrëschtvakanz op Landgraaf (NL) an d'Skihal.
Hei kann een während engem Dag Ski oder Snowboard fueren! Virun allem vir Jonker, déi nach ni dëss Wanteraktivitéit gemaach hunn, ass dëst eng ganz flott Geleegenheet eng Kéier eran ze schnupperen!
Um traditionnelle LASEL-Championnat am Crossduathlon ware mir dëst Joer mat 3 Sportler um Depart. Weider
De Shawn um "axxess"-Cross vir den LN
Oct 27 2015, 12:45
De Shawn Eck hutt vir eis Schoul un der 3000m-Course vir Net-lizénzéiert Leefer deelgeholl. Weider
Cours EPS LU5
Oct 27 2015, 12:39
D'Schüler, déi Méindes um 11:45 Sportscours hunn, ginn hei hire neie Planning vum Schouljoer gewuer!
Fussballsequipe erreechen d' Finall
Oct 13 2015, 10:08
Dësen Donnegden hutt eis Cadets-Fussballequipe sech am LASEL-Futsal-Championnat duerch eng gutt Teamleeschtung an d' Finall gespillt!
Bravo a vill Gléck den 17. November! Go LN! Weider
Our hearts beat basketball!
Oct 06 2015, 12:26
Mëttwochs an der Mëttesstonn gëtt AB 12:30 Basket gespillt! Komm an d'Sportshal a spill mat!
Gutt Rentrée 15/16 gewënscht!
Sep 22 2015, 09:55
D' Sportsproffenequipe wënscht Iech all eent erfollegräicht a sportlecht Schouljoer 15/16!
Eis technesch Problemer mam Internetsite schenge geléisst ze sinn soudats du lo rëm all Infoen hei fënns!
Komm an der Mëttesstonn an d' Sportshal Sport maachen! Bréng deng Sportskleeder an Schülerkaart mat a sëff aktiv! Programm
Maach och Donnesdesmëttes op enger vu villen Sportseventer vun der LASEL mat! Schreif dech op de Lëschten virum SPortsproffebüro an! Programm Donnesdesmëttes
Leschte Mëttwoch goufen Promesses de Dons vun 23 237 Euro vir d' Special Olympics gesammelt!
E grousse Merci un all déi Schüler, déi Sponsoren gesicht hunn! Villmools Merci och den Donateuren!
Den Triathlon gouf gewonn vun der 5CM2, virun der 3BC an der 10TG! Bravo! Weider
LN-Trophy goes to...
Apr 30 2015, 17:25
D' Gewënner vum LN-Trophy 2015 ginn dëst Joer agelueden vir e flotte Sportsweekend zu Iechternach ze verbréngen.
Den 3.-4. Juli gëtt hei am Adventurepark zu Veiane geklomm, op der Sauer Kajak gefuer, eng Geocache gemaach a villes méi!
Sammel nach fex Punkten a komm an de Mëttesstonnen an d' LASEL a mach Donnesdesmëttes bäi Competitioune mat! Weider
Eis Schwëmmerinnen sinn zeréck aus Polen
Apr 30 2015, 17:21
Eis LN-Schwëmmerinnen waren vir d' zweete Kéier vir Lëtzebuerg um Depart vum ISF-Championnat. Dëst Joer gouf des Weltmeeschterschaft a Polen ausgedroen. Vill flott Impressiounen fënns du hei um Site! Weider
Vill flott LASEL-Aktivitéiten am 3. Trimester
Mar 31 2015, 15:43
Am 3.Trimester stinn ganz vill flott Sportsaktivitéite vun der LASEL Donnesdesmëttes um Programm!
Check de Programm a schreif dech op de Lëschten nieft dem Sportsproffebüro an!
Solidarity Run 2015
Mar 31 2015, 15:36
De 6. Mee (3.Mëttwoch no der Vakanz) gëtt eisen traditionellen Solidarity Run ofgehal! All Klass mëcht hei e Gruppen-Triathlon!
Et gëtt gelaf, geschwomm an Spinning gefuer!
Och ginn Sponsoren gesicht! Den Erléis geet an dëser Editioun un Special Olympics! Weider
Eis Fussballséquipe muss d' Finall ofsoen
Mar 13 2015, 11:23
Eis Fussballsjongen haaten sech duerch eng ganz gutt Performance an d' Finall gespillt. Wéinst Krankheetsfäll hu mir leider keng Equipe vir d' Finall zesumme kritt an hu missen ofsoen. Weider
Joé Beck ass neie LASEL-Champion
Mar 13 2015, 10:54
Bravo Joé! Eisen LN-Sportler gouf an der Cat.C am Dëschtennis LASEL-Champion!
De Christophe Zimmer gëtt Drëtten an den Tun Hübsch kënnt op déi 5. Plaz an der Cat.B! Weider
LN-Klëmmer erëm am Asaz
Feb 16 2015, 15:46
De Nic Rischette an den Rick Lotzkes, eis 2 Klemmer, hunn des Kéier sech un d´Boulderen erugewot. Eng drett Plaz a vill Spaass ass dobäi erausgesprong!
Wéi all Joer fuere mir erëm mat den 20 aktivste LASEL-Sportler zum Schluss vum Joer op e Sportausfluch! Bass du dobäi?
De Stephane Remy ass bis elo den éischten, virum Raths Samuel a Mevludin Karametovic! Bravo! Bäi de Klassen ass d' 5M1 op der éischter Plaz virun der 7O2 an der 7O1! Weider sou!
Den Här Pierrot Felgen kënnt dësen Donnegden bäi eis an de Lycée vir der Option Sport & Santé d' Special Olympics virzestellen.
Mir freën eis schon!
Dolly shot, take out a guard...
Feb 02 2015, 20:49
D´Option Sport & Santé 2e vum Här Schaack hunn d´Sportart Curling kennegeléiert! Schéi war et! Weider
Martine Konijnenberg gëtt Ski-Championne
Jan 26 2015, 09:54
Zu Adelboden an der Schwäiz gewennt d´Martine Konijnenberg de Rieseslalom a senger Kategorie! Felicitatioun! Weider
Happy new year!
Jan 02 2015, 12:48
D´Sportsproffenequipe wenscht Iech all e flott an erfollegräicht Joer 2015!
Och am neie Joer sidd Dir haerzlechst invitéiert, vir an de Mettesstonnen bai ais Sport maachen ze kommen oder un enger Sportcompetitioun deelzehuelen. Um Site ass elo de Programm vun de Sortien vir d´zweet Trimester ze fannen. Och si nach Plazen fräi vir de Skistage zu 2 Alpes!
Ski- a Snowboardstage zu 2 Alpes
Nov 23 2015, 00:00
Déi genau Infoe vir de Ski- a Snowboardstage zu Deux Alpes (Frankräich) sinn elo raus. Dir kennt Iech elo aschreiwen! Weider
Dance Session Editioun 2014
Nov 17 2014, 10:33
De Méinden 15.Dezember fuere mir um 12:20 an d´Stad op d´Dance Session. Hei gëtt 2 Stonne laang Zumba an HipHop gedanzt!
Danz matt a mell dech op der Lescht virum Sportsproffebüro un! Depart ass um 12:15 virun der Sportshal a mir sinn géint 16:40 erem zréck.
Ski- a Snowboarddag zu Landgraaf
Nov 17 2016, 12:00
Mir fueren erem op Landgraaf an eng Skihal! An zwar Méindes, den 19. Dezember 2016!
D´Umelldung ass ab elo bäi de Sportsproffen! Weider Infos
Option Sport & Santé 2e
Nov 09 2014, 13:13
Är Dokumenter vir d´Option Sport & Santé 2e vum Här Schaack sinn elo online!
Vill nei Photoen online
Nov 03 2014, 22:32
Et si vill flott Photoen vun de Sportsaktivitéiten vun dësem Schouljoer souwéi vum 3. Trimester 13/14 elo online! Galerie
Podium vir de Rik Karier am Cross-Duathlon
Oct 20 2014, 10:12
Eis 4 Duathleten hunn sech a Form gewisen um Cross-Duathlon-Championnat leschten Donneschdeg zu Réiden!
De Rik Karier gëtt exzellenten Drëtten an der Kategorie Cadets. De Jacques Theisen, Tim Karier a Philippe Leyder beleeë bäi de Minime Plazen 11, 12 a 24.
Och dëst Schouljoer hutt all Schüler vum LN erëm d´Méiglechkeet vir zesumme mat anere Schüler 1 flott Woch am Schnéi ze verbréngen.
Dëse Ski bzw. Snowboardstage gëtt vum 28. Mäerz bis de 4. Abrëll 2015 zu Deux Alpes (Frankräich) ofgehal. Des Woch kascht ongeféier 640 Euro. De genaue Präis souwéi Detailer kommen no.
LN-Leefer am Asaz
Oct 05 2014, 20:52
Eis Leefer hunn op dem éischten LASEL-Event vir dest Schouljoer deelgeholl. Um Relais Orange, engem Staffel-Laf, kommen eis 6 Sportler
op déi 6. Plaz mat enger Endzäit vun 21´51.
Och dëst Schouljoer kennt dir erëm an all Mëttespaus (a Méindes no der Schoul) an d´Sportshalkomme vir Sport ze maachen. Einfach d´Sportskleeder an är Schülerkaart matbréngen a laanscht kommen! Du brauchs dech net am Virfeld unzemellen.
Och gi mir erëm Donneschdegmëttes op flott Tournoien a Sportseventer! Wëlls du hei matmaachen, da schreif dech w.e.g. op de Leschten nieft dem Sportsproffebüro an!
D' Sportsequipe wënscht Iech alleguer eng flott an erfollegräich Rentrée 2014/2015!
No enger klenger Paus ass eisen Internetsite elo erëm wéi gewinnt up to date! Hei fannt Dir all wichteg Infoen zum Schoulsport, Photoen vun eisen Ausflich a villes méi!
Skistage 2 Alpes
Mar 24 2014, 14:54
E Sonnden ass den Depart um 5:45 zu Wolz. Denkt drun dat an der Nuecht vu Samschdes op Sonndes d' Auer geréckelt gëtt,
net dat dir 1 Stonn ze spéit do sidd!
Skichampionnat zu Adelboden
Feb 03 2014, 17:40
Op de Skimeeschterschaften zu Adelboden gëtt de Chris Peiffer 7. (22. mat FIS-Fuerer) am Riseslalom an de Luca Van Maris 15. (25. am overall) am Slalom. Bravo
Kuck op wéi enge LASEL-Aktivitéite mir am 2. Trimester iwwerall deelhuelen. Maach och du mat!
Streetballer am Asaz
Dec 07 2013, 11:39
Um traditionelle Streetball-Tournoi am LN hunn 7 Equipen matgemaach. Gewënner heeschen dëst Joër Diogo (deen den Triple gemaach hutt) an . Merci all de Spiller vir dei flott Atmosphär an hire Fairplay!
Eis Seniors-Futsall-Equipe stoung an der Finallronn, wou si och ganz gutt gespillt hunn. Onglécklech si si awer vum LGL an der Halleffinall rausgekickt ginn. Weider
Schnéi, Sport a Spaass an den Alpen
Dec 02 2013, 16:46
Och dëst Schouljoer geet et erëm an der Woch virun der Ouschtervakanz (30.Mäerz bis 5. Abrëll) op 2 Alpes (Frankräich) an de Schnéi!
Du hues Loscht mat Gläichaltregen eng flott Woch an den Alpen ze verbréngen an op de Ski oder um Snowboard d´Piste rofzejauwen?
Egal op Expert oder bluddegen Amateur, informéier dech hei um Site a fro däi Sportsproff! Ab haut kennt dir Iech umellen! Infos zur Aschreiwung, Rees, Präis, Photoen etc hei.
Traditionellen LN-Streetball-Tournoi
Nov 16 2013, 11:16
Eisen traditionellen LN-Streetball-Tournoi an der Mëttesstonn ass verluecht ginn op Mëttwochs, de 4.Dezember!
Maach mat a mell deng Equipe (mind. 3 Spiller) op der Lëscht virum Sportsproffebureau un!
Dir braucht net aus enger Klass ze sinn. Och d'Unzuel vu Jongen a Meedercher ass egal. Weider
Eis Deschtennisspiller waaren am Asaz
Nov 08 2013, 20:09
Den Tun a Pit Hübsch souwéi den Joé Beck hunn un der DT-ISF-Quali deelgeholl. Weider
Aidslaf
Nov 08 2013, 19:49
Mir soen den 68 LN´er, déi um Aidslaf deelgeholl hunn souwéi all hire Sponsore villmools Merci vir hiert Engagement! Bravo!
Och dest Joer fiert den LN erëm op Landgraaf an d´Skihal. Hei kanns du Densdes, den 17.Dezember Ski oder Snowboard mat engem Moniteur leieren. Wann s du scho fueren kanns, dann hues de d´Méiglechkeet fräi ze fueren.
Du wëlls matgoen?! Dann mell dech ab nächstem Méinden am Sportsproffebüro un.
Bréng dofir 40 Euro, deng Schülerkaart an d´Autorisation parentale (op dësem Site eroflueden) mat! Weider
Aidslaf zu Miersch
Oct 17 2013, 20:18
Laf mat um traditionellen "Aidslaf" e Freidegnomëtteg virun der Allerhellegevakanz zu Miersch!
Gelaf ginn 30´, gesammelt gëtt vir d´Aidsberodung an d´Recherche! Mell dech bäi de Sportsproffen un!
Depart vum Bus um 13:00. Retour um 16:00. Weider Infos
Ween hutt wéi eng Sportaart am Cours LU5 an LU8+9? Check de Plang.
Rugbytraining zu Wolz!
Sep 24 2013, 11:04
Great News kann een just soen! De lëtzebuergeschen Nationaltrainer am Rugby MartyDavis probéiert des flott Sportaart och am Eisleck ze erméiglechen an hält ab dëser Saison all Mëttwochs vun 16h30-18h00 en Training hei zu Wolz!
Jiddereen ass wëllkomm, egal op grouss oder kleng, Meedchen oder Jong!
DU hues Interessi? Dann schreif dech op der Lescht bäi de Sportsproffen an!
LASEL-Season 13/14
Sep 19 2013, 12:55
De Kalenner vun de LASEL-Aktivitéiten, déi Donneschdegmëtten duerch d' Land ofgehal ginn, ass eraus!
Maach mat! Schreif dech op de Lëschte bäim Sportsproffebüro an!
Maach mat um Walfer Vollekslaf
Sep 14 2013, 09:47
Dëst Joer gëtt et um Walfer Vollekslaf, deen den 6. Oktober ofgehal gëtt, eng Course iwwert 6,5 km speziell vir Schüler aus dem Post-Primaire.
D´Equipe vun der 7STP4 huet den Tournoi 2013 gewonn! Felicitatioun!
E grousse Merci de Schüler vun der 7STP4, 7O2 Mädels, 7O2 Spartaner, der 6CM1one & two an der 11CMsouwéi de Proffen Madame Schaack Christiane an Här Nguyen Ha vir d´Matmaachen! Weider
Keng LASEL um Schoulfest
Jul 03 2013, 18:43
E Méinden vum Schoulfest fällt d´LASEL an der Mettesstonn leider aus.
Spill mat um Schoulfest-Tournoi
Jul 02 2013, 11:04
E Méindeg um Schoulfest gëtt en Tournoi am Dodgeball, Indiaka an Tchoukball gespillt.
Spill mat a mell dech bäi de Sportsproffen un! Infoen
Beachvolleyballer am Asaz
Jul 02 2013, 11:03
David géint Goliath. Eis Jongen hu sech awer exzellent géint déi vill méi al Spiller geschloen. An puer Joer gewanne mir!
D' 6CM1 gewënnt de Klasse-Ranking am LN-Trophy a gëtt heimat déi sportlechst Klass 2012/2013!
D' Schüler hunn am Joer zesummen 560 Punkte gesammelt. Op déi zweet Plaz kënnt d' 7O1 mat 469 Punkten virun der 6M2 mat 450 Punkten! Gratulatioun!!
De Championnat LASEL am Triathlon vun dësem Donnegden gouf jo wéinst den Donnerwiederen annuléiert a ka
leider net nogeholl ginn!
Diogo, Kenza an David...
Jun 17 2013, 15:56
...sou heeschen d´Gewënner vum LN-Trophy 2012/2013! Gratulatioun Iech 3 an deenen anere 17 Gewënner! Wéi déi lescht 2 Joeren hutt
och dëst Joer den Diogo Baptista d´Nues vir, awer just mat 3 Punkte Virsprong virum Kenza! Infos zur Rees fënns du natierlech hei um Site!
LASEL-Ticker
May 29 2013, 20:52
Um Gym Open zu Conter kënnt d´Anna Ewen op déi 4. Plaz an d´Lynn Zeimes beleet Plaz 6. - De Rick Lotzkes gëtt 5. virum
Nic Rischette (6.) um Klammchampionnat vun der LASEL. - Neie LASEL-Champion am Cross-Duathlon gëtt den LNer Sven Oly!
Gratulatioun! - Bäi de Minime kënnt de Rik Karier op déi exzellente 4.Plaz, de Jacques Theisen gëtt 7. souwéi beleet de Rick Even
an der Kategorie Cadet déi 10.Plaz.
Triathlon am LN
May 23 2013, 11:28
Haut gouf a ganz schwierege Wierderbedingungen den éischten Triathlon am Kader vun der Optioun Sport & Santé (2e a 3e) am LN ofgehal.
Mir soen der Klass COHAB mam Änder Müller a mam Stephane Schmitz villmools Merci vir hir tatkräfteg Ënnerstëtzung!
Den 20. Juni geet et op d' Triathlonsmeeschterschafte vun der LASEL zu Réiden. Weider
Hockey-Turnéier
May 21 2013, 23:20
Dëse Freideg gëtt den Hockey-Tournoi am LN an der Mëttesstonn ofgehal! Mell dech nach un!
Laf Ronderëm de Séi
May 21 2013, 23:00
6 Sportler vum LN 6 Sportler vum LN waren um Depart vum traditionelle Laf Ronderëm de Séi. Den Oly Sven ass hei op déi exzellenten 8 Plaz gelaf vun insgesamt 708 Leefer! Weider
Dokument vir d'2iemen
May 13 2013, 14:22
Wielt aer Sportaart vir de leschten Zyklus. Weider
De Rugby-Nationalcoach Marty Davis hutt eis matgedeelt, dat et bis op weideres näischt gëtt mat engem Rugby-Club am Eisléck.
D´Ettelbrécker Gemeng stellt leider keen Trainingsterrain zur Verfügung. Elo gëtt no Alternative gesicht.
Mir haalen iech natiirlech um Courant falls sech eppes sollt änneren! Keep the faith!
Solidarity Run 2013
Apr 28 2013, 16:58
D´Sportsproffenequipe seet all de Sportler a Sportlerinnen, den Donssammler an den Donateure souwéi de Proffen an Direktiounsmemberen,
déi deelgeholl oder gehollef hunn e grousse MERCI!
Insgesamt konnten 16 425 Euro gesammelt ginn! Aus sportlecher Siicht konnt sech d´5M2 virun der 2 BC an der 4CM2 duerchsetzen.
Am Cycle inférieur kënnt hannert dem Gesamtgewënner d´7O1 virun der 7O2.
De leschte Freiden virun der Päischtvakanz gëtt an der Mëttesstonn an der LASEL eisen alljährlechen Hockeyturnéier ofgehal!
Spill mat! Mell dech virum Sportsproffebüro un. Mir spillen 5 géint 5.Dir musst NET aus enger Klass sinn!
Noschwamme fällt aus
Apr 11 2013, 11:05
Nächste Mëttwoch (17.Abrëll) ass KEEN noschwammen. D' Schwaemm ass dann zou.
Solidarity Run 2013
Apr 10 2013, 20:36
Den drëtte Mëttwoch vum 3. Trimester (24.Mäerz) ass eisen traditionelle Solidarity Run am LN!
All Klass hëllt deel a schwëmmt, leeft (dobaussen) a fiert um Spinningvelo während 15 Minutten! Déi 3 bescht Distanze vun all Disziplin ginn zesumme gezielt! Wéi eng Klasse gewannen?
Nieft dem sportlechen Asaz zielt virun allem d´Solidaritéit. Sicht Sponsore vir äer Participatioun a bréngt den ausgefëllte Sponsorziedel
de 24. mat an d´Schoul! Dëst Joer gëtt d´Coopératioun Woltz ënnerstëtzt. Weider
Bleift 6CM1 d´sportlechst Klass 2012/2013?!
Apr 06 2013, 20:48
Och dëst Schouljoer ginn déi 20 aktivste Sportler a Sportlerinnen am Kader vun der LASEL op e Sportsweekend agelueden.
Bass du bis elo dobäi? Kuck der d´Lescht un mat deene 37 Schüler mat de meeschte Punkten.
Am drëtten Trimester hues du nach vill Geleeënheet fläisseg Punkten ze sammelen!
Am Klassen-Ranking ass 6CM1 mat 372 Punkte kloer virun der 7O1 mat 300 Punkten, knapp virun der 6M2 mat 298 Punkten!
Bravo un iech all!
Fette Sportsprogramm am 3.Trimester
Mar 15 2013, 10:49
Beachvolley, Seven´s outdoor am Rugby, Lafen um Ronderëm de Séi, Turn- a Klammchampionnat, een NomëttePerfectionnement am Parkour...
...dat sinn nëmme puer vun den Highlighte vum LASEL-Programm (Donneschdegmëtten) am 3.Trimester!
Check de Programm a schreif dech op de Lëschtevis-à-vis vum Sportsproffeburo an!
Football for women
Feb 28 2013, 11:34
Freides, de 9.Mäerz gëtt an der LASEL (Mëttesstonn) op 1 Terrain Dammefussball gespillt.
Du bass weiblech an interesséiert?! Da komm bis laanscht a spill mat!
Lynn Stoltz, Rick Pinazza a Chris Staudt LN-TT-Champion
Feb 28 2013, 11:30
Bei de lizenzéierten Spiller ass den éischten Dëschtennischampion d'Lynn Stoltz. Bei den Hobbyspiller hunn de Rick Pinazza an de
Chris Staudt den Titel geholl! Weider
Exzellent Plazéierungen vun eisen Dëschtennisspiller
Feb 24 2013, 19:27
Um LASEL-Dëschtennischampionnat vir lizenzéiert Spiller gëtt de Pit Weyland exzellenten Drëtten an den Tun Hubsch an de
Jonas Andrzejewski komme jeeweils an hirer Kategorie op déi 5.Plaz!
De Nic Lotzkes war lescht Woch als LN-Sportograph ënnerwee! Hien hutt déi beschte Momenter vun eise Basketspiller an Schwëmmer op de LASEL-Championnater geknipst. Merci Nic! Kuck ran!
Klammzäiten änneren
Feb 24 2013, 17:45
Freides ass KEE Klamme méi an der LASEL.
Méindes a Mëttwochs kennt dir awer gären an der Mëttesstonn klammen kommen!
Streetball an der Stad
Feb 05 2013, 11:08
Um LASEL-Streetball spréngt eng 15. an eng 18. Plaz vir eis 2 Equipe raus. Weider
Pics vun eisem Sportsphotograph kommen no!
LN-Schwëmmer top um LASEL-Championnat
Feb 05 2013, 10:35
Eis 6 Schwëmmer raumen um LASEL-Championnat 2013 of!
Insgesamt 18 mol steet een LN´er um Podium, dovun 10 mol um héchsten Träppchen! Congrats! Weider
Eis Fussballspillerinnen verpassen d´Finallronn
Feb 02 2013, 16:32
Leschten Donneschdeg gouf an eisem Lycée d´Virronn vum Fussball-LASEL-Championnat vun de Meedercher 1998 a méi al gespillt.
Op Woolz koumen d´Equipen vum NOSL, LTETT an der EPSA. Den LN hutt 1 Match gewonn an 2 verluer, waat leider net duer gaang
ass vir an d´Finallronn. Weider
Dëschtennis am LN
Jan 31 2013, 13:36
Den éischte Freiden no der Fuesvakanz hale mir eisen éischten Dëschtennis-Tournoi am LN of.
Egal op Lizenzéiert oder absoluten Ufänger - maach mat! Schreif dech op der Lescht nieft dem Sportsproffebüro an!
Eis Fussballsequipe verléiert onglécklech an der Halleffinal
Jan 26 2013, 18:02
En Donneschden sinn eis Jongen an der Finallronn duerch e gutt Spill bis an d´Halleffinall komm wou si dunn awer mat e bësse Pech 1-2
géint den LTC verluer hunn. Weider
Favoriten gewannen de Streetball-Tournoi
Jan 26 2013, 18:22
D´Equipe vum Diogo, Emir, David a Fränz setzen sech wéi erwaart géint hir Konkurrenz am Streetball-Tournoi duerch.
Flott war et alt erëm emol. Merci heifir un all d´Spiller! Weider
Skimeeschterschaft zu Adelboden
Jan 22 2013, 11:13
De Pol Peifer hutt leschte Weekend zu Adelboden an der Schwäiz vir de LN d´Ski ugeschnallt an hutt un der LASEL-Skimeeschterschaft deelgeholl.
Am Rieseslalom kennt hien op déi gudd 9. Plaz a verbessert sech par Rapport vum leschte Joer. Am Slalom hutt de Pol leider déi zweetlescht Paart verfeelt an ass sou hei net an d´Wäertung komm.
Eisen traditionelle Streetball-Tournoi gëtt ëm 1 Woch verluecht wéinst der Journée pédagogique!
Gespillt gëtt also den 3. Freiden no der Chrëschtvakanz, also de 25. Januar! Mell dech nach un!
Sportskalenner 2.Trimester
Dec 27 2012, 17:09
Am neie Joer gett et sportlech! Donneschdegmëttes fuere mir op vill Turnéier an Coursen. Check de Programm a schreif dech an!
Am LN geet et lo och mat Turnéier lass! Den 2. Freiden no der Vakanz gëtt Streetball an der Mëttesstonn gespillt! Maach mat!
Ski a Snowboard zu Landgraaf
Dec 27 2012, 16:10
Wei all Joer si mir och dëst Joer um leschte Schouldag vum éischten Trimester op Landgraaf Ski a Snowboard fuere gaang.
Och des Kéier hutt erëm alles gudd geklappt, keen hutt sech wéi gedunn a jidderee vun de 60 Schüler hutt sech virbildlech verhal.
E gudde Rutsch an en erfollegräicht a glécklecht Joer 2013 wënscht d'Sportsproffenequipe! Passt op iech op!
Play Streetball
Dec 06 2012, 19:01
Den zweete Freiden no der Chrëschtvakanz (18.Januar) gëtt an der Mëttesstonn am LN Streetball gespillt. Hei spillen 3 Spiller op 1 Kuerf
géintenee Basket.
Spill mat! Schreif dech alleng oder mat denger Equipe op der Lescht nieft dem Sportsproffebüro an!
D´Spiller mussen net aus enger Klass sinn. Déi net-lizenzéiert Spiller kréien e Virsprong.
Ski- a Snowboardstage zu Deux Alpes
Nov 20 2012, 12:31
Du fiers gäre Ski oder Snowboard oder du wëlls des Sportaart nei léieren? Du wëlls 1 Woch mat anere Jonken an enger mega Biergkuliss verbréngen?
Dann fuer mat op DeuxAlpes (Frankraich) tëscht dem 16. bis 23. Mäerz 2013! Weider Infoen
Rugbymatch LUX vs. Norway
Nov 08 2012, 11:27
Dëse Samsdeg trëfft d'lëtzebuergesch Nationalequipe am Rugby op hir Kontrahenten aus Norwegen. Gespillt gëtt am Stade Josy Barthel an der Stad um 15 Auer. Vir Schüler ass d'Entrée fräi! Avis aux amateurs
Snowworld Landgraaf 2012
Nov 08 2012, 11:25
Och dest Joer fiert den LN erëm op Landgraaf an d´Skihal. Hei kanns du Densdes, den 18.Dezember Ski oder Snowboard mat engem Moniteur leieren. Wann s du scho fueren kanns, dann hues de d´Méiglechkeet fräi ze fueren.
Du wëlls matgoen?! Dann mell dech ab nächstem Méinden am Sportsproffebüro un.
Bréng dofir 40 Euro, deng Schülerkaart an d´Autorisation parentale (op dësem Site eroflueden) mat! Weider
LN-Schwammteam ass ISF-Champion
Oct 28 2012, 19:37
Eis Meederchersschwammequipe gewënnt no 2010/2011 vir d´zweet Kéier den ISF-Championnat!
Elo geet et an Israel wou géint déi international Konkurrenz geschwomm gëtt. Congrats Meedels! Weider
Stonnelaf géint Aids
Oct 28 2012, 19:36
22 Schüler vum LN sinn leschte Freiden 1 Stonn um Stonnelaf géint Aids zu Miersch gelaf an hunn Donen gesammelt. Insgesamt hunn bal 1600 Leefer deelgeholl. Bravo un iech! Weider
Laf mat um Aidslaf
Oct 13 2012, 11:00
De leschte Freidegnomëtteg virun der Allerhellegevakanz ass zu Miersch erëm den traditionellen Aidslaf. Du hues Loscht mat villen anere Schüler 30 Minutten oder eng Stonn ze lafen an dat ganzt och nach vir e gudden Zweck?!
Dann schreif dech op der Lëscht nieft dem Sportsproffebüro an! Eenzeg Bedingung ass dats du deen Nomëtte keng Prüfung hues.
Depart Bus: 12:45!
Aus vir den LN am Fussball ISF Turnéier
Oct 13 2012, 10:53
Leider war leschten Donneschdeg den ALR ze staark vir eis Fussballsequipe soudatt mir net an déi nächst Ronn zéie konnten. Weider
Rugby am Eisleck
Oct 02 2012, 11:04
De RugbytrainerMartyDavis wöll 1x d´Woch en Training zu Ettelbréck organiséieren. All Interesséierten, egal ob Profi oder Amateur, Jonk oder Al, Meedchen oder Jong, soll sech bei de Sportsproffe mellen!
Optiounssystem
Sep 25 2012, 11:39
D´Klassen, déi Sport hunn an den Stonnen LU5, LU8+9, ME3+4 a VE8+9 fannen hei de Programm vun de Sportaarten, déi si dëst Schouljoer maachen.
Be sporty 2012-2013
Sep 20 2012, 21:18
Elo geet et erëm lass! De LASEL-Kalenner vun den externen Aktivitéitenass eraus!
Egal op Sportskanoun oder Ufänger - sief aktiv a schreif dech op de Leschte nieft dem Sportsproffebüro an!
D´Sportsproffenequipe wënscht iech all en erfollegräicht an glécklecht Schouljoer 2012-2013!
Schéi Summervakanz
Aug 06 2012, 18:21
D'Sportsproffenequipe wënscht Iech all eng schéi Summervakanz! Maacht et gutt!
Merci vir e flotten LN-Trophy 2011/2012
Aug 06 2012, 18:12
Fir d'Gewënner vum LN-Trophy 2011/2012 goung et op Remerschen! Hei hunn mir e richteg flotte Weekend mat Longboard, Wakeboard, Geocaching, Baggerweiher, Morgenjogging a villem méi verbruecht!
Haut gouf sech de ganzen Dag am Korfball, Dodgeball, Indiaca an Kinball dualéiert. D'Equipe HOLZ hutt gewonn, virun de Kürbissen an der 4M3! Gratulatioun dem Mike F., Billy, Mike W.,Annick, Lindsay, Steve an hiren kämpfereschen Proffen Christiane Schaack an Tessy Biver! Bravo un all d'Equipen! Weider
Spill mat um Schoulfest!
Jun 10 2012, 20:41
De 9.Juli ass Schoulfest am LN. Maach mat bäi den Tournoien am Kinball, Indiaca, Dodgeball an/oder Korfball!
Mat 3 Teams hu mir am Badminton Doubel-Championnat an der Stad deelgeholl. Weider
Eischt Participatioun um Rugby Sevens
Jun 23 2012, 17:05
Den LN mëcht vir d'éischte Kéier mat um Rugby-Turnéier vun der LASEL. Gratulatioun un eis couragéis Spiller! Weider
2 Championtitelen vir den LN am Triathlon
Jun 23 2012, 17:01
En Donnegden gewënnt de Rick Even an d' Angie Schaack den Triathlon zu Réiden an hierer Kategorie! Felicitatioun! Weider
Aus vir eis Meedercher am Foot-outdoor
Jun 21 2012, 12:06
Eis Fussballspillerinnen ginn 3. an hirer Pool an iwwerstinn heimatter leider net d'Virronn. Weider
Podium am Beachvolley
Jun 21 2012, 11:54
Proffenequipe spillt sech op déi 3.Plaz am Proffen-Beachvolley-Turnéier zu Diddeleng!
Am Asaz vir den LN waren et den Änder Müller, Pierre Braquet, RudyLoos, David Jachec, JettyRossi a Caroline Diesel.
Gewënner vum LN-Trophy 2011/2012 stinn fest!
Jun 16 2012, 10:16
Félicitatioun vun der Sportsproffenequipe vir d´Gewënner vum LN-Trophy 2011/2012!
Dir hutt Iech elo e schéine sportlëche Weekend zu Remerschen verdéngt! D´Nimm vun den Nomminéierten, Infoen zur Rees asw. fënnst du hei um Site!
Du bass elo just nët dobäi?! Dann komm déi nächst 2 Wochen nach fläisseg an d´LASEL wëll all Joër réckelen ëmmer puer Schüler no! Infos
Wéi heeschen d´Gewënner vum LN-Trophy 2011/2012?
Jun 07 2012, 10:51
Den aktuellen LN-Trophy-Ranking ass eraus! Déi éischt 5 Meedercher a 15 Jongen kënnen den 6. a 7.Juli 2012 op Remerschen goen wou mir e.a. Wakeboard (Waasserski), Longboard a villes méi maachen! Kuck op och s du dobäi bass!?
Du hues nach 3 Wochen Zäit vir Punkten ze sammelen! Ranking
Theo Lemaire ass neie Badminton-Champion
May 28 2012, 10:48
Den Theo Lemaire hutt den LN-Badminton-Turnéier gewonn. Zweeten gëtt den Sasha Gleintzer (7O1) virum Pit Helten. Congrats!
Exzellent Leeschtung vun eise Leefer
May 27 2012, 13:11
Um "Ronderëm de Séi" hunn eis 11 Leefer sech exzellent plazéiert. De SimLudovicy ass och dëst Joer de beschte Welzer Leefer an gëtt 4.!
Sou wéi hien kennen och den Oly Sven (8.) a Kraus Jo (10.) vir d´éischte Kéier eise Laf-Expert, de BertemesPit (13.) klappen.
De Luc Kieffer kennt op déi 18.Plaz, de LorangMike gëtt 27. an de Foyen Andy gëtt 136. De KroonJan kennt op déi 144. Plaz.
Eist beschte Meedchen ass d´SaboticIfeta (426.) virum BenkhaddouKenza (428.) an AnneixMorgane (431.).
Bravo un iech all an e grousse Merci dem Pit an dem Jan vir den Encadrement vun de Schüler! Weider
Wéi heescht den LN-Champion am Badminton?
May 22 2012, 18:40
E Freiden entscheed sech ween LN-Champion am Badminton 2012 gëtt! Nom éischte Spilldag leien eis Spiller nach all no beieneen.
Basket Pics um Site
May 15 2012, 12:25
D' Photoe vum StreetballMinimes/Cadets sinn elo online! Pics
Zweet Plaz vir Meedercher a Jongen um Gym Open
May 14 2012, 21:45
Souwuel eis Jongen wéi och eis Meedercher erturnen sech déi zweete Plaz am Generalklassement vun dem GymOpen 2012 zu Contern. Och wann mir gäre vir d'4. Kéier hannereneen gewonn hätten, sou sinn mir immens zefridden mat dësem excellente Resultat!
Leunessen Anne a Lempereur Sven ginn Champion! Barthel Camille, AtkinsonSam a Paulus Sven ginn Drëtten. Dostert Andy gëtt Zweeten. Bravo! Weider
Badmintonturnéier am LN
May 10 2012, 10:08
E Freideg den 19.Mee siche mir an der Mëttespaus de Badminton-Champion 2012 vum LN. Egal ob Profi oder Amateur, maach mat! Schreif dech an!
Start vun de Matcher ass um 12 Auer.
Wiessel un der Spëtzt vum LN-Trophy
May 04 2012, 11:59
ValWeicherding iwwerhëlt den DiogoBaptista am LN-Trophy-Ranking! Heimat ass vir d'éischte Kéier den Diogo net op der 1.
D' Schouljoer ass jo awer nach net eriwwer. De nächsten Update kënnt an der Päischtvakanz!
Succès zu Réiden
May 05 2012, 11:49
Zu 6 si mir op Réiden op d'Klamm- an Dëschtennis-Doubel-Championnat gefuer. Zeréck komm si mer mat dem ValWeicherding als Klammchampion, zwou 4. Plazen, eng 6. an eng 9.Plaz.
Den Handball-Turnéier am LN geet nächste Freiden an der Mëttesstonn an déi 2.Ronn. D´Matcher ginn um 12 Auer lass!
Donneschdegmëttes fuere mir op vill Turnéier an Coursen. Check de Programm a schreif dech an!
Optiounen Lundi 5 & Lundi 8+9
Mar 28 2012, 18:58
Check deng Sportaart vir de Zyklus 5 vum drëtten Trimester elo hei um Site! Weider
LN - Crossduathleten verpassen durch Pech Podium
Mar 20 2012, 08:41
Problemer mat der Ketten an e Platten maachen daat den LN sech dëst Joer am Cross-Duathlon keng Podiumsplaz erkämpfen kann. Weider
Handballturnéier 1.0 am LN
Mar 18 2012, 11:00
Den 1. Freiden no der Vakanz organiséiere mir an der Mëttesstonn en Handball-Turnéier.
Egal op Profi oder Amateur, 7ième-Schülerin oder Ofschlossklässler, spill mat a mell dech alleng oder deng Klass un! Wéi gewinnt hänkt d´Lescht um wäisse Briet virum Sportsproffebüro.
LN-Trophy Ranking ass eraus
Mar 15 2012, 09:33
Den LN-Trophy-Ranking vum 1.Semester ass eraus! Mir fueren dëst Joer e Weekend op Remerschen. Hei steet Wakeboard, Longboard, Mountainbike a villes méi um Programm!
Ween däerf mat?! Bis elo ass nach alles op. 51 Schüler a Schülerinnen leien zum Deel ganz no beieneen. Un der Spëtzt ass wéi 2011 den Diogo Baptista, gefollegt vum Val Weicherding. Kuck dir de Ranking un an sammel am leschten Trimester nach fläisseg Punkten! Weider
Depart vum Bus vir de Cross-Duathlon nächsten Donnegdeg ass um 12:40!
Mountainbike a Casque matbréngen. Dir kennt de Velo moies bei eis an der Sportshal ofstellen.
Wann dir keen Velo hutt, dann kontaktéiert d´Sportsproffen esou séier wéi méiglech!
Proffe-Schüler-Turnéier ass ofgesoot
Feb 28 2012, 17:26
De geplangte Tournoi vun Proffen géint d´Ofschlossklassen gëtt net dëse Freiden ofgehal well sech net genuch Spiller ugemellt hunn.
D´nächst Joer vläit??!
TOCM an T1CM sinn neien LN-Fussballchampion
Feb 18 2012, 20:30
Leschte Freide goung den LN-Fussballturnéier mat der Finallronn vum Cycle supérieur op en Enn. No 7 gespillte Matcher hunn mir gläich 2 Gewënner! Congrats der TOCM an der T1CM vir hiren Titel! Weider
LN-Minimes-Equipe am Futsal ausgescheed
Feb 18 2012, 19:57
Eis Fussballsequipe konnt sech leider net vir d´Finallronne qualifizéieren. Weider
Proffenequipe gëtt 5. am Volleyballturnéier zu Dikrech
Feb 18 2012, 18:40
D´Proffenequipe spillt sech mat enger gudder Teamaarbecht op déi 5. Plaz am Volleyballturnéier zu Dikrech. Weider
Finallen am Cycle supérieur
Feb 16 2012, 10:03
Dëse Freideg ginn d' Finallen vum Cycle supérieurofgehal. Wéi ëmmer fänken d' Matcher um 12 Auer un!
Et spillen: T1CM, 12CG, 3DG, XOET, 13CG/13GE, 10TG, TOCM, an 11CM.
11PS haat sech och qualifizéiert mee leider sinn si am Stage a kënne sou net deelhuelen.
LN am Futsal ausgescheed
Feb 05 2012, 17:37
Leschte Donneschden hutt eis Fussball-Equipe (Cadets) zu Réiden am LASEL-Championnat deelgeholl. Weider
6M2 ass Futsal-Champion C.I. 2012
Jan 29 2012, 10:11
D´6M2 gewënnt de Futsal-Championnat vum Cycle inférieur virun der 8POF (2-1) an der 9STP6. Congrats! Weider
LN-Judokaen an der Coque
Jan 26 2012, 16:58
Boujouf Yassine, Dorigo Fabio, Badic Dzenis an Emir hunn um Judo-Championnat an der Coque fir den LN gekämpft! Weider sou Jongen!
Dëse Freideg ginn d' Finallen vum Cycle inférieurofgehal. Wéi ëmmer fänken d' Matcher um 12 Auer un!
Et spillen: ACCU2/9MO4, 6M2, 9MO3, 5M1, 8POF, 9MO1, 9STP6 a 8MO1. Pics vun de Matcher
Ski-Championnat zu Adelboden
Jan 17 2012, 12:18
Dëst Joer war den Pol Peiffer vun der 10TG fir den LN um Start. Am Slalom huet de Pol eng excellent 5. Plaatz an senger Kategorie beluecht. Weider
Ännerungen am Spillplang LN- Fussballturnéier!
Jan 15 2012, 20:44
Deng Klass spillt mat am Fussballturnéier vum LN?! Dann check wéini deng Equippe spillt! Opgepasst: et gëtt e liicht verännerten Spillplang
Sportskalenner 2012
Jan 08 2012, 20:44
Check den Sport-Programm vir d´zweet Trimester an mell dech vir d´Turnéier am LN (Fussball, Badminton a.v.m.) an d´Auswäerts-Aktivitéiten un!
Gëff och du 2012 aktiv!
Fussballsturnéier am LN
Jan 03 2012, 21:12
Maach mat denger Klass um LN-Fussballturnéier mat!
Et gëtt 5 géint 5 um klengen Terrain gespillt. All Klassen ausser d´7ièmen kennen sech op der Lescht virum Sportsproffebüro aschreiwen. D´Matcher sinn Freides an der Mëttesstonn. De genaue Spillplang kennt demnächst raus!
Nei Pics
Dec 27 2011, 13:12
Weider Pics vum Dëschtennis-Championnat an LN-Streetball um Site!
Schéi Chrëschtdeeg
Dec 16 2011, 18:00
D´Sportsproffenequipe wënscht alle Schüler a Schülerinnen eng flott, erhuelsam Chrëschtvakanz an e gudde Rutsch an d´neit Joer!
Emir, Diogo an David - LN Streetball Champions 2011
Dec 14 2011, 20:28
No 40 gespillte Matcher stoung de Gewënner 2011 am Streetball fest:d´Equippe Emir, Diogo a David gewannen!
D´Zweet ginn d´Nora, de Patrick, Tom a Billy virun der Equippe vum Nadjahou. Congrats guys! Weider
5. a 9. Plaz am Dëschtennis vir den LN
Dec 14 2011, 19:20
Gratulatioun un eis 3 Dëschtennisspiller TunHübsch, TimBrachmont a Joé Beck vir hier gutt Plazéierung um LASEL´s-Championnat! Weider
Ski- a Snowboardstage zu Landgraaf
Dec 14 2011, 18:52
65 Schüler a Schülerinne ware gëschter op Langraaf an d´Skihal an hunn hei fläisseg Ski- a Snowboardfuere geléiert respektiv sech am Funpark amuséiert.Och dëst Joer hunn eis Jonker sech virbildlech beholl!
Nodeems leschte Freiden 10 Equipen um Start waren, geet et dëse Freiden an der Mëttesstonn virun!
7STP2 ass neie LN-Champion am Fussball
Nov 27 2011, 22:03
D´7STP2 gewënnt d´Klassechampionnat am Fussball vun de 7ièmen. D´7O1 kennt op déi 2. Plaz virun der 7MO1. Congrats Weider
7. an 18. Plaz vir eis 2 Streetballsequipen
Nov 27 2011, 21:38
Am nationale Streetball-Turnéier an der Stad kennt den LN op déi 7. (LNW1) an op déi 18. (LNW 2) Plaz vun 20 Equipen. Weider
Streetball-Turnéier
Nov 14 2011, 20:53
E Freiden den 2. Dezember gëtt Streetball (3 géint 3 op 1 Kuerf) am LN gespillt. Mell dech mat denger Equipe beim Sportsproffebüro un!
D´Matcher fänken um 12 Auer un. D´Equipen aus dem Cycle inférieur kréien e Virsprong.
Ski- a Snowboardstage zu Deux Alpes
Nov 22 2011, 11:43
Vum 24. - 31. Mäerz fiirt den LN mat anere lëtzebuergesche Schoulen erëm op Deux Alpes (Frankräich) an den Ski- a Snowboardstage.
Detailer sinn elo eraus an natiirlech hei um Site ze fannen. Kuck dier et un an mell dech un!Weider
Snowworld Landgraaf 2012
Nov 08 2012, 11:02
Och dest Joer fiert den LN erëm op Landgraaf an d´Skihal. Hei kanns du Densdes, den 18.Dezember Ski oder Snowboard mat engem Moniteur leieren. Wann s du scho fueren kanns, dann hues de d´Méiglechkeet fräi ze fueren.
Du wëlls matgoen?! Dann mell dech ab nächstem Méinden am Sportsproffebüro un.
Bréng dofir 40 Euro, deng Schülerkaart an d´Autorisation parentale (op dësem Site eroflueden) mat! Weider
4M3 ass neie LN-Hockeymeeschter
Nov 12 2011, 17:31
Leschte Freiden gouf den Championnat am Hockey duerchgefouert. Kloer duerchsetzen konnten sech d´Spiller vun der 4M3.
D´Titelverdeedeger (1C) ware leider net dobai. Gratulatioun un den Eric, Joel, Pablo, Pierre, Pit, Tom a Joel! Weider
LN mat 50 Leefer um Depart vum `Stonnelaf géint AIDS´
Oct 31 2011, 13:17
De leschte Freiden virun der Allerhellegevakanz ware 50 Leefer a Leeferinnen vum LN um Depart vum `Stonnelaf géint AIDS´. Merci un d'Sportler vir hiere leefereschen Asaz souwéi hiert Engagement bei der Sponsorsich! Weider
Fussballsturnéier vir 7ièmen am LN
Oct 25 2011, 10:42
No der Vakanz ass et souwäit! Den éischten a zweete Méinden gëtt Méindes an der Mëttespaus (12:30 bis 13:10) d´Fussballschampionnat vir d ´7ièmenofgehal. Gespillt gëtt 5 géint 5 (4+1) um klenge Terrain. Mell dech op der Lescht virum Sportsproffenbüro un!
Hockeyturnéier am LN
Oct 19 2011, 19:28
Den éischte Freiden no der Allerhellegevakanz gëtt an der Mëttesstonn an der LASEL eisen alljährlechen Hockeyturnéier ofgehal!
Spill mat denger Klass mat! Mell dech virum Sportsproffebüro un. Mir spillen 5 géint 5.
Relais Orange
Oct 04 2011, 21:50
Leider feelen eis 2 Leefer vir un der Staffel vum Relais Orange en Donneschden deelzehuelen. Den LN geet also net un de Start!
Merci awer den Schüler, déi sech ugemellt hunn vir hiert Engagement. Nächst Joer dann hoffentlech erëm.
Schoulsportjoer 2011-2012
Sep 22 2011, 18:42
D´Sportsproffenequipe wënscht Dier en erfollegräicht a sportlecht Schouljoer!
Hei fënns Du all Informatiounen zum Schoulsport! D´Horairen vun der LASEL an der Mëttesstonn souwéi de Kalenner vun de parascolairen Aktivitéite sinn eraus.
Wëlls du wëssen, wei eng Sportaart dass du an denger Optioun kritt hues, dann klickhei
Schéi Summervakanz!
Jul 15 2011, 23:02
Sportsproffenequipe wënscht iech alleguer eng schéin, relax a sportlech aktiv Summervakanz! Passt op iech op!
LN-Trophy 2011 zu Iechternach
Jul 15 2011, 22:40
Den 8. a 9. Juli waren déi 20 aktivste Sportler a Sportlerinne vum LN zu Iechternach. Hei gouf gepaddelt, pedaléiert, geklomm an einfach nëmme richteg vill Sport gemaach!
D´Handballfederatioun war den 11. Juli bei eis an der Schoul! E grousse Merci un d'Traineren an un eis motivéiert an talentéiert (sou d'Nationaltraineren ) Spiller a Spillerinnen! More Pics
Eis 6 Schwëmmerinnen sinn nees gutt zu Lëtzebuerg vum ISFSwimCup zu Malta erëm komm. Pics a Resultater hei um Site! Weider
E grousse Merci un eis Sponsoren!
Sim Ludovicy gëtt 6. um `Ronderem de Séi´
May 26 2011, 13:56
Eise Lycée ass mat 4 Leefer un de Start vun der 31.Editioun vum Laf "Ronderëm de Séi" zu Iechternach gaang. Op déi exzellente 6. Plaz vun 893 Leefer kennt den SimLudovicy! Wéi d´Joeren virdrun war awer och dës Kéier de PitBertemes vun kengem Wëlzer Schüler ze schloen. Weider
5 mol Podium um Schwammchampionnat
May 15 2011, 20:40
D´LN-Schwëmmer hunn um Championnat vun de Net-Lizenzéierten ofgeraumt. Bravo! Weider
LN mat 4 Teams um Badminton Doubel-Turnéier
May 15 2011, 20:34
2 Hären- a 2 Dammendoublen hunn vir den LN um Badminton-Turnéier an der Stad gespillt. Weider
13 000 Euro konnten um Solidarity Run gesammelt ginn!
May 12 2011, 23:50
D´Schüler vum LN konnten 13 000 Euro un Promesse de dons vir d´Associatioun ALUPSE sammelen!
Sportlech gesi kann sech d´7O2 an d´2BC iwwert hier 1. Plaz freeën!
All de fläissege Spendensammler a motivéierte Leefer, Schwëmmer a Cyclisten e grousse Merci vir dëse flotten Event! Weider
Victoire vir eis Meedercher am Konschtturnen
May 12 2011, 20:08
Eis Meederchersequipe hutt vir d´Drëtt hannereneen d´GymOpen zu Housen gewonn! Och eis Jongen hunn sech gutt geschloen. Congrats! Weider
Futtballisten verpassen Endronn
May 15 2011, 21:18
Eis Fussballsequipe gewënnt 1 vun 3 Matcher a scheet soumat leider am Championat FutsalMinimes aus. Weider
Futsal bei den Meedercher
May 08 2011, 23:04
Eis Meedercher konnten sech leider net vir d´Finall qualifizéieren. Weider
Aktuelle Ranking vum LN Trophy ass eraus!
Apr 22 2011, 13:43
Den provisoreschen Ranking vum LNTrophy 10/11 ass online! Den BaptistaGomesDiogo bleift och nom 2.Trimester un der Spëtzt!Weider
Check den Programm vum drëtten Trimester oder komm an der Mëttesstonn an d´Hal Sport maachen!
Volleyball Junior Open Mixte
Mar 31 2011, 11:40
Eis Volleyballequipe erreecht déi 11. Plaz am Championnat Junior OpenMixte zu Dikrech. Weider
2C gewënnt den Unihockey
Mar 25 2011, 16:28
Haut am Unihockeyturnéier gewënnt 2C virun der 4CM2. Weider
Sportskalenner vum 3. Trimester
Mar 18 2011, 17:41
Dier fannt um Site elo de Kalenner vun den externen LASEL's-Aktivitéiten, un deenen den LN am drëtten Trimester deelhëlt.
Maach mat a schreif dech op de Lëschte beim Sportsproffebüro an!
Ganz gudd Performance am Cross-Duathlon
Mar 18 2011, 10:57
Eis 3 Cross-Duathleten hunn sech a gudder Form op dem LASEL's-Championnat gewisen: Den Sim Ludovicy erreecht déi 5. Plaz, de Jo Kraus gëtt 7. (béid an der Kategorie: Cadets) an den Mike Lorang gëtt 2. bei den Junioren! Congrats! Weider
Eis Fussballequipe erreecht d'Halleffinal
Mar 13 2011, 14:55
Eis Fussballsequipe spillt sech am LASEL-Championat Futsal Seniors an d'Halleffinall mä verléiert hei leider géint de spéidere Champion LTETT. Weider
Jacques Duhautpas an Val Weicherding éischt LN-Championen am Klammen
Feb 10 2011, 10:43
Val Weicherding an den Jacques Duhautpas, sou heeschen eis Championen am Klammen, en Titel deen vir d'éischte Kéier am LN verginn gëtt. Weider
Basketball Minimes Open
Feb 08 2011, 12:20
Eis Basketsequipe konnt sech trotz guddem Spill net vir d' Finall qualifizéieren. Weider
Schwammchampionnat
Feb 04 2011, 17:00
Mat 4 Schwëmmer war den LN op dem Schwammchampionnat vertrueden. 2 Mol konnte mir eng 2. Plaz erkämpfen.Weider
Futsal Meedercher
Feb 04 2011, 17:36
Eis Meedercher koumen op déi drëtte Plaz an hirer Pool. Dëst ass vir d' Erreechen vun der Finall leider net duer gaang. Weider
Fussball Seniors
Feb 01 2011, 10:10
Eis Jongen hunn déi 1. Plaz an der Virronn erreecht an sech fir d'Finall qualifizéiert!
Den Tom Rollinger gëtt am Riseslalom zu Adelboden den 21.Weider
Championnat Judo
Jan 21 2011, 12:52
Judokaen aus dem LNhunn sech gutt géint Konkurrenz aus dem Sportslycée verteidegt. Top! Weider
Vera Thill 2. Plaz (Seniors) >60Kg Arnes Cosic 3. Plaz (Cadets) <60 Kg EmirBadic 1. Plaz (Cadets) >100 Kg (Champion LASEL) Kevin Thill 3. Plaz <100 Kg
Ski- a Snowboardstage zu Deux Alpes (F) 2011
Jan 04 2011, 12:00
Den LN fiert och dëst Joer erëm virun der Ouschtervakanz op DeuxAlpes (F) an den Ski- a Snowboardstage.
D´Aschreiwung fänkt haut un! Lued dir vum Site d´Autorisation parentale rof an gëff dës ausgefëllt am Sportsproffe- Büro of vir dech unzemellen! Bréng och deng Schülerkaart mat. D´Schüler bis 4e/10e hunn Virrang.Weider
SnowWorld Landgraaf
Dec 15 2010, 21:12
D´Sportsproffen soen den 59 Schüler a Schülerinnen, déi en Dënschdeg mat op Landgraaf an den "SnowWorld" gefuer sinn, Merci vir hiert gutt Behuelen! Am LN verstoppen sech puer Ski- an Snowboardtalenter!Weider
4M2 iwwerzeegt am Minifoot!
Dec 12 2010, 21:26
D`Entscheedung am Minifoot vum Cycle supérieur ass leschte Freiden gefall. Déi zwou Equipen vun der 4M2 konnten sech an d´Finall spillen an hunn sech hei e spannende Match geliwwert. No insgesamt 8 Goaler konnten sech den Aurélien, Tun, Jo, Pit, Yannick a Joel géint hier Klassekameroden mat 5:3 duerchsetzen. Op déi drëtt Plaz kennt TOCM1 virun der 4M1. Congrats an Merci vir den Fairplay! Weider
2D gewënnt den LN-Völkerball-Turnéier
Dec 12 2010, 21:19
D´Spiller vun der 2D konnten sech leschte Freiden an der Finall vum éischten LN-Völkerball-Turnéier kloer an 2 Sätz géint d´4M2 duerchsetzen. Weider
Badminton-Turnéier an der Stad
Nov 29 2010, 13:36
JenniferI'nt Groen gëtt Championne bei de lizenzéiertenSeniorinnen am Badminton! Bravo! Weider
LN-Basketballspillerinnen verléieren an der ISF-Halleffinall
Nov 20 2010, 15:06
Eis Meedercher hunn en Donneschden an der ISF-Halleffinall géint den Sportslycée mat 42-84 verluer.Weider
8STP3 gewënnt den Minifoot bäi den 7e-6/8e!
Nov 20 2010, 14:50
D´8STP3 gewënnt den Minifoot bäi den 7e-6/8e! Insgesamt hunn 15 Klassen deelgeholl. Congratsguys! Weider
9STP6 gewënnt am LN-Streetball!
Nov 02 2010, 20:27
Den Jason Ribeiro, Patrick Finke a Bryan Pinas vun der 9STP6 gewannen de Streetball-Tournoi! Zweet gëtt d´2DG virun der 8POF.Weider
Basket ISF Quali
Nov 02 2010, 19:56
Eis Jongen erreechen déi zweete Plaz an hirer Pool a verpassen sou leider déi nächst Ronn. Weider
Eis Basketspillerinnen sin an der ISF-Halleffinall!
Nov 02 2010, 19:36
D´Meedercher vum LN spille sech mat 2 vun 3 gewonnene Matcher an d´Halleffinall vum ISF Basketchampionat!
Den 18. November geet et lo géint den INS! GO LN! GO ! Weider
ISF Schwamm-Quali gewonn!
Nov 02 2010, 12:52
D´Meedercher vum LN hunn d´Qualifikatioun vum ISF Swim Cup, deen den 14. Oktober am Lycée Technique Michel Lucius ofgehale gouf, gewonn! Lo kenne si sech am Fréijoer zu Malta mat internationale Schoule moossen! Congrats! Weider
Relais Orange
Oct 31 2010, 19:55
Eis Jongen hu sech eng exzellente 5.Plaz op der Kockelscheier erlaf! Weider
Taki Bui Tan Dat a Joé Wiltgen gewannen den LN-Badminton-Tournoi
Nov 03 2010, 15:21
Am LN-Badminton-Tournoi konnt sech den Taki Bui Tan Dat an de Joé Wiltgen (béid vun der 2e) géint hier Kontrahenten duerchsetzen! Weider
D´Sportsproffen - Equipe vum LN ass online!
Oct 24 2010, 20:46
Op eisem Site fënns du allméiglech Informatiounen zum Schoulfach Sport souwéi zu de LASEL´s-Aktivitéiten, déi am/vum LN ugebuede ginn. Kuck och an eis Galerie eran - mir hunn nach puer al Photoen erëmfonnt!