LN Sports Team
   
 
Solidarity Run

Solidarity Run 2015

De 6. Mee 2015 gouf eisen traditionelle Solidarity Run am LN ofgehal. Et gouf e Klassen-Triathlon gemaach, d.h. d' Schüler aus enger Klass sinn gelaf (50%), Velo gefuer (16%) an geschwomm (34%). 

Dëst Joer goufen Promesses de Dons vun 23 237 Euro gesammelt! Merci un all déi Schüler, déi Sponsoren gesicht hunn! Villmools Merci och den Donateuren!

Insgesamt hunn 72 Klassen mat 1193 Schüler un der Manifestatioun deelgeholl. Weider sinn an der Mëttesstonn nach eng Proffenequipe souwéi Ofschlossklässler un den Depart gang. Och hunn Schüler vun der Grondschoul Wolz (Cycle 4.1 an 4.2) hir Lafschong ugedunn a waren voll motivéiert dobäi!

Den Triathlong gouf gewonn vun der 5CM2! Feliciatioun un Iech! D' Proffenequipe hat d' Nues vir, mee si sinn "hors concours" gestart!

Déi 3 Klassen aus dem Cycle supérieur an inférieur, déi di gréissten Distanz absolvéieren an och nach vill Sponsoren gesicht hunn, kréihen e Präis!

Am Cycle inférieur hu gewonn:

1. 5CM2 (1)
2. 7O1 (4)
3. 6M2 (5)

Am Cycle supérieur hu gewonn:

1. 3BC (2)
2. 10TG (3)
3. 4CM1 (6)

De komplette Ranking fënns du hei!

Infoen zu de Special Olympics fënns du hei!

Photoen

MERCI!

 


Solidarity Run 2013

De 24. Abrëll 2013 war den traditionelle Solidarity Run am LN. Wéi schonn 2011 gouf e Klassen-Triathlon gemaach, an deem all Schüler deelgeholl hutt.

Am Vierdergrond stoung d´Solidaritéit andeems fläisseg Done gesammelt goufen. Den Erléis vu viraussiichteg 16 425 Euro geet dëst Joer un d´Coopératioun Wolz.

Aus sportlecher Siicht konnt sech an dëser Editioun d´5M2 virun der 2 BC an der 4CM2 duerchsetzen. Am Cycle inférieur kennt hannert dem Gesamtgewënner d´7O1 virun der 7O2. De Ranking insgesamt, vum Cycle inférieur a vum Cycle supérieur kënnen ënne gekuckt ginn!

Egal wéi eng Plazéierung gemaach gouf, d´Sportsproffe soen all de Sportler a Sportlerinnen, den Donssammler an den Donateure souwéi de Proffen an Direktiounsmemberen, déi deelgeholl oder gehollef hunn e grousse MERCI!

Huss du nach en Sponsorziedel, da bréng dee w.e.g. an de nächsten Dee am Sportsproffebüro laanscht.

Photoen 2013


Solidarity Run 2011

Den 11. Mee gouf déi 5. Editioun vum Solidarity Run ofgehal. Während déi éischt 4 Joer just Lafen um Programm stoung, hunn d´Klassen dës Kéier en Triathlon gemaach. Dëst hutt geheescht: 15 Minutte lafen, schwammen a pedaléieren.

Am Virfeld vum Solidarity Run hunn d Schüler Sponsore gesicht. Am Enn konnten 'Promesse de dons' vun 13 000 Euro gesammelt ginn. Dëst Joer geet den Erléis un d Associatioun ALUPSE. All den Donateuren e grousse Merci vir hier Ënnerstëtzung.

D´Devise vum Solidarity Run ass natierlech „Dabei sein ist alles“! Trotzdem hunn mir e sportlechen Challenge gestallt, deen d' 7O2 an d´2BC vir sech entscheet hunn.

Am Cycle inférieur hutt et sou geheescht: Plaz 1 vir d´7O2 virun der 5M2 an der 6CM2. Am Cycle supérieur war d´2BC ganz vir. Op déi 2. Plaz koum 4M2 virun der 12GE.

D´Proffenequipe kënnt op déi gutt 9. Plaz. Um Start waren hei de Pit Bertemes, Alain Herman, Toiny Theis (schwammen), Tullio Forgiarini, Jan De Kroon, Pier Stockreiser, Jean-Luc List, Bruno Gomes, Pierre Koppes (lafen), Michèle Kinnen, Luc Schreiner, Carole Oestreicher a Fränz Zuidberg (Velo).

De genaue Ranking vun deenen éischten 20 vun 83 Plaze fënnst du ënnen.

 

Photoen 2011

Kuck dir de Video ënnen un!

Solidarity Run 2013_Generalklassementdownloads: 890 | type: pdf | size: 180 kB
Solidarity Run 2013_Klassement Cycle inferieurdownloads: 854 | type: pdf | size: 180 kB
Solidarity Run 2013_Klassement Cycle superieurdownloads: 847 | type: pdf | size: 181 kB
Solidarity Run 2011_Generalklassementdownloads: 1124 | type: pdf | size: 22 kB
Solidarity Run 2011_Klassement Cycle inférieurdownloads: 1047 | type: pdf | size: 22 kB
Solidarity Run 2011_Klassement Cycle supérieurdownloads: 1022 | type: pdf | size: 22 kB
Solidarity Run 2011_Startzäiten_NEWdownloads: 1099 | type: pdf | size: 63 kB

Video

Get the Flash Player to see this player.


 
Top! Top!