LN Sports Team
   
 
Cross-Duathlon

Cross-Duathlon 2015/2016

De 15.Oktober 2015 gouf zu Réiden de Championnat am Cross-Duathlon ofgehal. Dëst Joer ware mir mam Béryl Huveneers an dem Philippe Leyder bäi de Minimes affiliés a mam Shawn Eck an der Kategorie Cadets non-affiliés an d'Course gaang. No 800m lafen, 4,5 km Mountainbike fueren a nach eng Kéier 800m lafen, hutt de Béryl mat enger Zäit vun 19'54,85'' déi 8.Plaz a senger Kategorie areecht. De Philippe gëtt 13. mat eng Zäit vun 21'55,55'' an de Shawn beleet Plaz 10 mat 21'10''.

Pics komme no

Resulater


 

Cross-Duathlon 2014/2015

De 16. Oktober 2014 gouf zu Réiden nees de LASEL-Champion am Cross-Duathlon gesicht. Wéi gewinnt waren nees eis Duathleten vir den LN um Depart. Eis 4 Sportler hunn sech a gudder Form gewisen, soudat de Rik Karier no der Arrivée um klenge Podium stoung (Kategorie Cadets)! 

Bäi de Minime gett de Jacques Theissen 11. mat just  55 Sekonne Retard op de Gewenner. Den Tim Karier kennt op déi 12. Plaz an de Philippe Leyder beleet Plaz 24. Insgesamt hunn 58 Sportler un der Course deelgeholl.

Resultater a Photoen


Cross-Duathlon 2013/2014

Den 10. Oktober 2013 si mir mat 4 LN´er erëm voller Erwaardung op Réiden op de Cross-Duathlon gefuer. Wéi all Joer sinn eis Sportler gutt gelaf, pedaléiert an nach eng Kéier gelaf!

Den Jacques Theisen gëtt 5. vu 24 Participante bäi de Minime. De Rik Karier an de Rick Ewen beleeën déi 6. resp.7. Plaz an der Kategorie Cadete vun 30 Starter. Bäi de Junior/Seniore gëtt de Pit Milbert 10 vun 28. De Champion vun 2012/2013, den Oly Sven konnt leider dëst Joer net mat un de Start goen.

Resultater Pics


Cross-Duathlon 2012/2013

Den 18.Abrëll 2013 sinn eis Duathleten op Réiden gefuer vir un den Depart vum Cross-Duathlon Championnat vun der LASEL ze goen.

Hei sinn déi 101 Participanten 0,8 km gelaf, dann 4,5 km Mountainbike gefuer an dann nach eng Kéier 0,8 km gelaf. D´Junioren an d´Senioren hunn jeeweils déi duebel Distanz bestridden.

Um Enn gett den Sven Oly nei Champion bäi de Junioren! Bravo!

Bäi de Minime kënnt de Rik Karier op déi exzellente 4.Plaz, de Jacques Theisen gëtt 7. souwéi beleet de Rick Even an der Kategorie Cadet déi 10.Plaz.

Resultater

Photoen

 


Cross-Duathlon 2011/2012

De 15. Mäerz war et erëm souwäit: de Championnat am Cross-Duathlon gouf um Site vum Lycée Michel Lucius an der Stad ofgehal. De Parcours war géigeniwwer vum leschte Joer verännert ginn. D´Distanzen, déi ze absolvéiere ware, ware vir d´Minimes a Cadets 0,8km lafen, dann 4,5km VTT äert et nach eng Kéier op déi 0,8km-laang Lafstreck goung. Vir d´Juniors/Seniors gouf d´Streck doubléiert (1,6-9-1,6km).

Bäi der Kategorie "Minimes" war de Rick Ewen um Start. Dem Vëlospezialist ass gläich zweemol d´Kette vum Vtt erofgespronge wouduerch hien ëmmer rëm Zäit verluer hutt soudatt de Rick schlussendlech 7. an senger Kategorie gouf mat enger Zäit vun 20´42, 04". Éischte gëtt de Felix Kerse mat 19´18,78".

An der Kategorie "Cadets" kennt de Rick Lotzkes op déi gutt 5.Plaz mat enger Zäit vun 18´37,68". De Kevin Geniets gewënnt mat 17´38,28". Och de Sim Ludovicy war dëst Joer erëm um Depart. Nom Lafe war hien exzellent plazéiert mä dunn krut säi Vëlo am Enn vum éischten Tour e Platten. De Sim hutt doropshin leider missen ophalen.

Bäi de Juniors/Senioren hat den LN gläich 3 Sportler dobäi. De Jo Kraus verpasst dëst Joer knapp de Podium. Hien gëtt 4. mat 31´07,89". Vir de Nic Rischette an de Georges Biever war et hier éischten Editioun. An dësem ganz staarke Feld konnt de Nic déi 6.Plaz beleeën (37´04,09") an de Georges gëtt 8. (40´45,03"). Éischte gëtt de Max Biewer (27´51,12").

Pics kommen des Woch nach op de Site!

Resultater

 


Cross-Duathlon 2010/2011

De 17. Mäerz gouf um Site vum Lycée Michel Lucius um Lampertsbierg d' LASEL's-Championnat am Cross-Duathlon ofgehalen. Vir den LN goungen 3 Sportler un de Start. Dëst woren de Sim Ludovicy (5M2) an de Jo Kraus (4M2) an der Kategorie Cadets an de Mike Lorang (4M2) bei den Junioren. Um Programm stoung Lafen-Vëlo-Lafen, mat den Distanzen 0.8-4.5-0.8 km (Cadets) an 1,6-9-1,6 km (Junioren). Eis Jongen, déi allen dräi virrangeg Leefer sinn, koumen och jeeweils mat deenen éischten an d'Wiesselzon a konnten uschléissend nach iwwerraschend gutt um Mtb mathalen. Am Zil hutt et dunn geheescht: Plaz 2 vir de Mike bei de Junioren; Plaz 5 vir de Sim a Plaz 7 vir de Jo (bei de Cadets).

Photoen



 
Top! Top!