Un der Dëschtennis-ISF-Quali de 24. Oktober 2013 hunn eis Spiller Tun Hübsch (C1), Pit Hübsch (C3) an Joé Beck (C3) d´Racket an d´Hand geholl a géint den Athenée souwéi géint de Réidener Lycée gespillt. Leider hutt géint den Athenée just den Tun 1 Match kéinte wannen. Géint d´Réidener Spiller hunn eis Jongen sech besser geschloen an 3 Eenzelmatcher souwéi hiren Dubbel (Hübsch/Hübsch) gewonn. Insgesamt si mir op déi 5. vu 6 Plaze komm.
Resultater
Photoen

|