Deschtennischampionnat |
Deschtennischampionnat 2014/2015 De 5. Mäerz 2015 gouf de LASEL-Championnat am Dëschtennis bäi de Lizenzéierten gespillt! De Joé Beck konnt sech an der Cat. C géint 23 Participanten duerchsetzen a gëtt Champion! De Christophe Zimmer an den Tun Hübsch hunn an der Cat. B gespillt. Vir den Tun war et an der Véierelsfinall riwwer (6-11/10-12). Hien gëtt 5. De Christophe verléiert an der Halleffinall mat 7-11 a 9-11. Hien gëtt Drëtten. Bravo Jungs! Ranking Photoen
Deschtennischampionnat 2013/2014 D´Vicky Moonen hutt dëst Joer als eenzegen LN´er d´Deschtennisrackett an d´Hand geholl an um Championnat vir lizenzéiert Spiller (Kat D) den 12. Dezember deelgeholl. No all de gespillte Matcher heescht d´Championne 2013/2014...Vicky Moonen! Gratulatioun vir deng super Performance! Deschtennischampionnat 2012/2013 Den Dëschtennischampionnat vir lizenzéiert Spiller (A, B1, B2, B3, C1, C2, C3) gouf de 7. Februar zu Mamer gespillt. Eis 3 LN-Spiller hunn sech géint insgesamt 55 Spiller exzellent geschloen. De Pit Weyland kënnt an der Kategorie A, B op de klenge Podium. Den Tun Hubsch an de Jonas Andrzejewski komme jeeweils an hirer Kategorie (C bzw. A+B) op déi 5.Plaz!
Deschtennischampionnat 2011/2012 Den 8. Dezember hunn de Joé Beck, Tun Hübsch a Tim Brachmont den LN am Dëschtennischampionnat D1,D2,D3 zu Mamer vertrueden, an dëst mat enger ganz gudder Performance. Vun 31 Spiller konnt den Tun sech déi 5. Plaz sécheren. De Joé an de Tim sinn béid 9. ginn.
|