Fussball ISF Jongen |
Fussball ISF 2016/2017 Eis Jongen vum Joergäng 1999-2001 hunn de 17. November 2016 den 1. Tour vum Fussball ISF-Championnat mat engem 3-2 Erfolleg géint den Atert Lycée vu Réiden iwwerstan. Schonn nächsten Dasdig (22/11) um 14.00 Auer steet de nächste Match un. Dobäi woren: Semir Alili, Gil Barros, Jo Becker, Elton Cruz Lopes, Francisco Da Silva Ribeiro, Faljic Amar, Jeangout Maxhime, Karametovic Meris, Lamborelle Steve, Marbes Joé, Marinho Novais Simao, Marques Da Silva Rafael, Martinez Soares Antonio, Miller Sven, Rickal Chris, Wergin Jason. D'LN er hunn den 22. November 2016 déi 2. Ronn iwwerstan. No 90 Minutten stung et 0-0 géint eisen Géigner vum LTEtt. Am Eelëfmeterschéissen hu mer schlussendlech 4-2 gewonn. Dobäi woren wéi an der 1. Ronn: de Simao Marinho, Gil Barros, Antonio Martinez, Maxhime Jeangout, Amar Faljic, Chris Rickal, Jo Becker, Meris Karametovic, Francisco Da Silva, Elton Cruz, Steve Lamborelle, Semir Alili, Joé Marbes, Jason Wergin a Sven Miller. D'Halleffinall ass den 1. Dezember. Dréckt eis d'Dommen!!
Fussball ISF 2012/2013 Den 11.Oktober 2012 gouf um syntheteschen Terrain am Préizerdall de Fussball ISF-Championnat vir Jongen an der Kategorie 1998-1996 ofgehal. Vir den LN goufen d'Spiller Ferreira Luis, Schon Carlo, Schon Mathieu, Ferreira Raul, Lemos Bryan, Scheilz Pit, Baustert Pit, Rickal Sam, Schroeder Sebastian, Osmani Mahir, Machado Diogo, Korac David, Felten Tom, Pinto Carlos, Azevedo Gil a Packbier Dave opgestallt. Am éischte Match goufe mer vum ALR kal erwëscht. D'Equipe vu Réiden war eis spilleresch einfach iwwerleeën sou dat mir den Terrain um Enn mat 5-1 hunn misse verloossen. Am zweete Match géint den LMRL hunn eis Jonge Moral bewisen an duerch e gutt Spill 3-1 gewonn. No insgesamt 3 gespillte Matcher steet den ALR mat 6 Punkten op der éischter Plaz an zitt an déi nächst Ronn. Den LN hutt 3 Punkten erspillt an den LMRL geet ouni Punkt Heem. De Réidener Jonge bonne chance am weideren Turnéierverlaf!
Fussball ISF 2010/2011 Den 7. Oktober 2010 hunn d'Jongen aus dem LN den 1. Tour vum ISF Cadets Tournoi gespillt. Et goung an der Grupp am Préizerdall géint d'Alterskollegen aus de Lycée'e vun Esch a Réiden. Am éischte Match géint Réiden koumen eis Jonge schnell 0-1 hannen a konnten an engem ausgeglachene Match nach den 1-1 schéissen. Am 2. Match vum Dag huet Esch dunn 1-0 géint Réiden gewonn. Virum leschte Match war also kloer datt eis Jonge misse géint Esch wanne fir virun ze kommen. No enger staarker Leeschtung ass et awer och hei nëmmen duergaang fir een 1-1. Soumat ass d' Equipe vun Esch an déi nächst Ronn komm. Iewecht Rei vun lenks no riets: Ennëcht Rei: |