LN Sports Team
   
 
Fussball Meedercher

Fussball Meedercher 2015/2016

Um Championnat Futsal Cadettes (2000-2003), dat den 21.Januar 2016 bäi eis am LN ofgehal gouf, hu vir eis gekickt:

Da Costa Texeira Teresa, Pottier Eleonore, Schmidt Yana, Peneda Daniela, Enders Laurence, Melchior Kate, Gaul Celia, Nicolas Shanna a Schaeffer Vanessa.

D'Meedercher hu gutt gespillt. Eis Equipe haat schéi Spillsituatiounen créeiert an hutt zesummengehal. Schlussendlech hutt awer déi néideg Réussite gefeelt fir sech als éischt ze qualifizéiren a sou virunzekommen.

Matcher: NOSL-LN 0:3, EPSA-LCD 0:4, NOSL-EPSA 0:4, LN-LCD 0:1, NOSL-LCD 0:6, LN-EPSA 0:1

Classement:

1. LCD 9pts

2. EPSA 6pts

3. LN 3pts

4. NOSL 0pts

Mir wënschen dem LCD vill Gléck an der Finallronn!!

 


Fussball Meedercher 2014/2015

Um LASEL Futsal Jeunes Filles 1999-2002 hutt eis Equipe den éischte Match géint den NOSL mat 2:1 gewonne. Am Spill ëm déi éischt Plaz hu mir dunn awer leider 3:1 géint den LCD de Kierzere gezunn.
Mir felicitéieren dem Dikkricher Lycée Classique zu hirer verdéngter Victoire a wënschen hinnen bonne réussite fir d'Finall.
Eise Meedercher een déckt Kompliment fir hiren Asaz, hire gudde Fussball an hiert fairt Verhalen.
 

Mir freeën eis op d'nächst Schouljoer!

Vir den LN hu gekickt:
Bescheid Sara, Da Silva Pinto Juliana, Eeckels Hannah, Enders Laurence, Felten Tania, Melchior Kate, Muller Mandy, Peneda Daniela, Schaeffer Vanessa, Goncalves Afonso Marisa.

 


Fussball Meedercher 2013/2014

Eis Meederchersequipe am Fussball hutt den 27. Mee ërem am Préizerdall gekickt. Vir den LN hu gespillt Benkhaddou Kenza, Brand Liz, Campos Da Costa Marina, Dos Santos Gomes Mafalda, Dragolovcanin Muniba, Ersfeld Anne, Felten Tania, Godefroid Virginie, Sajtaric Danaida. 

LN-ALR 1-3
LN-NOSL 4-0
NOSL-ALR 0-0

Classement:
1. ALR 4pts
2. LN 3pts
3. NOSL 1 pt

 


Fussball Meedercher 2012/2013

Den 31. Januar gouf an eisem Lycée d´Virronn vum Fussball-LASEL-Championnat vun de Meedercher 1998 a méi al gespillt. Op Woolz koumen d´Equipen vum NOSL, LTETT an der EPSA. Vir den LN hunn Benkhaddou Kenza, Da Costa Teixeira Christina, Defays Svenja, Dragulovcanin Muniba, Duhautpas Mandy, Ersfeld Anne, Monteiro Julia a Musovic Hanisa gespillt.

Den éischte Match géint de NOSL hunn eis Meedercher mat engem Goal an der leschter Minutt mat 1-0 gewonn.
Den zweete Match hutt den LN géint eng staark LTETT no 3-0 Réckstand, knapp 3-2 verluer. Am leschte Match goung et géint d´EPSA, déi gläich mat méi Nationalspillerinnen um Terrain stoungen. Hei hat eis Equipe keng Chance a mir hunn mat 5-0 verluer, trotz guddem Kampfgeescht.

Eise Meedercher wéi awer och de Spillerinne vun deenen aneren 3 Schoule soe mir Merci fir dee flotten a fairen Tournoi!

Resultater kommen no

Pics

 


Fussball Meedercher 2010/2011

Eis Meedercher hunn den 20. Januar am Futsal-Turnéier deelgeholl. Si hunn an hiren 3 Matcher jeeweils gläichgespillt (LN-LCD: 1-1, LN-LTETT: 1-1, LN-NOSL: 1-1).

Mat dëser Performance koumen si op déi drëtte Plaz an hirer Pool. Dëst ass vir d' Erreechen vun der Finall awer leider net duer gaang.

Resultater a Photoen



 
Top! Top!