LN Sports Team
   
 
Futsal Cadets

Futsal Cadets 2015/2016

An der Equipe vum LN hunn den 8.Oktober 2015 am LCD um Futsal-Championnat deelgeholl: Rickal Chris, Schroeder Chris, Martins Tim, Marques Da Silva Rafael, Fancisco Da Silva Ribeiro, Marinho Novais Simao an Cruz Lopes Elton.

Den LN hat ee gudden Dag erwëscht an huet sech ouni Géigegoal fir d'Finallronn, de 17. November am LGL, qualifizéiert!

Géint den LCD hu mer 3-0 gewonn, 5-0 géint den NOSL an 1-0 géint den LTEtt. Eis Spiller hunn zesummen als Equipe ugegraff a verteidegt a si verdingt eng Ronn weider.

D'Finall gouf dunn den 10. Dezember gespillt.

An der Finallronn dobäi woren: Cruz Elton, Da Silva Francisco, El Hachimi Medhi, Marinho Samuel, Marinho Simão, Marques Rafael, Martins Tim, Rickal Chris.

An der Virronn vun der Finallronn hutt eis Ekipp sech nach e wéineg schwéier gedunn (1-0 verluer géint den LCE, 2-1 gewonn géint den Sportlycée, 1-1 géint den LGL). Als zweeten vun eiser Pool hu mir dunn awer ab der Halleffinale mat Gedold a taktescher Cleverness, als Equipe zilgeriicht opgespillt. Fir t'éischt hu mer 1-0 géint den Belval gewonn. An der Finale huet den Rafael schlussendlech schonn an der 3. Minutt den entscheedenden Goal no enger schéiner Kombinatioun geschoss.

Nom Shakehands mat eise Finale-Géigner hu mer eise klenge Gewënner-Cadeau vun der LASEL iwwerreecht krut an hunn um Heemwee nach e wéineg gefeiert !

Bravo! Mir sinn houfreg op är Leeschtung!

Resultater

 


 

Futsal Cadets 2011/2012

Leschten Donneschden hutt eis Fussball-Equipe zu Réiden am LASEL-Championnat deelgeholl. Hei hutt de Becic Admir, Felten Tom, Ferreira Luis, Ferreira Raul, Lopes Mike, Rickal Sam, Scheilz Pit, Schon Mathieu, Schon Carlo a Schroeder Sebastian am Trikot vum LN géint de NOSL (Nordstadlycée), den Dikkricher Lycée an den Attert Lycée Réiden gespillt.

Den Optaktmatch géint de NOSL hunn eis Jongen 2-0 gewonn. Dono hunn si leider 0-2 géint den LCD verluer an och géint d´Réidener Equipe goung 1 Goal net duer vir ze gewannen (1-3). Mir felicitéieren dem NOSL vir d´Erreeche vun der Finallronn!

 



 
Top! Top!