ISF Swim Cup |
ISF Swim Cup 2012/2013 Den 18.Oktober hutt eis Meederchersschwammequipe un der ISF-Qualifikatioun am Lycée Michel Lucius an der Stad deelgeholl. Am 25-Meter-Bassin konnten si iwwerzeegen an sinn op déi éischt Plaz geschwomm. Vir den LN sinn gestart: Diederich Jennifer, Jacoby Shayenne an Joyce, Konijnenberg Martine, Mertens Lynn a Meyer Michèle. Zäiten kommen no! Elo geet et am Abrëll op Herzliya (Israel)op den internationalen ISF-Swim Cup!
ISF Swim Cup 2010/2011 En Artikel iwwert dës Sportsrees vum Martine Konijnenberg kann ënnen rofgelueden ginn! Merci heifir Martine! Photoen ISF World Swim Cup 2011 Malta Klassement Lëtzebuerger Schwëmmer
D´Meedercher vum LN hunn d´Qualifikatioun vum ISF Swim Cup, deen den 14. Oktober am Lycée Technique Michel Lucius ofgehale gouf, gewonn! Eis sechs Schwëmmerinne konnte sech kloer géint de Lycée Technique Mathias Adam (Péiteng) duerchsetzen: a sechs vu sechs Coursen hutt de LN als éischt ugeschloen. Duerch dës gutt Performance hunn si sech vir den internationalen ISF Swim Cup zu Malta qualifizéiert!
|