LN Sports Team
   
 
Klammchampionat

Klammchampionnat NA 2015/2016

Den 28. Abrell 2016 gouf d´Klammchampionnat vir netlizenzéiert Sportler zu Réiden ofgehal. Eis Klemmerinnen konnten eng ganz gutt Leeschtung un den Dag leen:

D' Claire Meyers gewennt an der Finall an ass soumat Championne LASEL 2016! Bravo!

D'Francisca Eeckels an d´Hannah Eeckels ginn bäi de Minimes resp. Junioren d´zweet.D'Emma Day verpasst leider d´Finallronn bäi de Cadetten.

Resultater

Photoen

 


 

Inititatioun Klammen 2015/2016

De 15. Oktober 2015 hunn 3 LN-Sportlerinnen um Initiatiounsnomëtte Klammen zu Réiden deelgeholl. Dëst waren d' Claire Meyers, d'Francisca Eeckels an d'Emma Day, allen 3 vun der 7e.

Nieft dem Spaass ass och en Topresultat dobäi erausgespronge: D'Claire gëtt LASEL-Championne well hatt déi schwéierste Voie geklomm ass. D' Francisca gewënnt an der Kategorie "meeschte geklomme Voien". Bravo iech 2!

Photoen


 

Klammchampionnat 2013/2014

De 5. Juni 2014 gouf an der neier Klammhal vun der Coque de LASEL-Champion vir Netlizenzéierter gesicht.

An dëser Editioun ware mir mat 4 Klëmmer dobäi. De Rick Lotzkes souwéi d' Céline Brêt beleeën jeweils an hierer Kategorie déi 3. Plaz. Bravo vir hiere Podium! D' Hannah Eeckels an d' Anneix Morgane waren och a gudder Form an si konnten sech och bis an d' Finall klammen!

Pics


Klammchampionnat 2012/2013

Den 18.Abrëll 2013 goufen och dëst Joer erem op der Klammauer vu Réiden d´ LASEL-Championnat vir Netlizenzéierter ofgehal.

Vir den LN hunn de Rick Lotzkes an de Nic Rischette de Baudrier ugedunn. Béi Sportler kommen an d´Finall an där si dann mat 7 resp. 6 Punkten op déi 5. resp. 6. Plaz kommen!

Resultater

Photoen

 


Klammchampionnat 2011/2012

Den 3.Mee gouf de LASEL-Champion am Klammen zu Réiden gesicht. E Partizipatiounsrekord vun iwwer 80 Schüler gouf erreecht. Vir de Wëlzer Lycée hunn d' Angie Schaack, Val Weicherding, Rick Ewen, Rick Lotzkes a Nic Rischette d'Klammschung ugedunn. Jiddfereen vun eise Klëmmer ass bis an déi drëtt Voie komm an bis op de Rick Ewen, deen hei direkt am Ufank ausgerutscht ass, hunn se all d' Finall erreecht. Am Enn hutt et geheescht: Champion 2012 bei de Cadets ass de Val Weicherding! Gratulatioun Val! D'Angie beleet eng exzellent 4. Plaz, geradsou ewéi de Rick Lotzkes. De Nic kënnt op eng 6.Plaz an de Rick Ewen gëtt 9.

Bravo un iech all!

Pics vum Championnat

Pics vun der Preparatioun

 

 



 
Top! Top!