LN Sports Team
   
 
Parkour

Parkour 2012/2013

Den 2.Mee 2013 ass vir d'éischte Kéier eng Initiatioun an e Perfectionnement am Parkour vun der LASEL organiséiert ginn.

Bal 80 Schüler goufen hei während engem Nomëtte vum Lars Reiles a senger Equipe am LTJB an d'Welt vun dëser Trendsportaart, déi mir och am LN ënnerriichten, agefouert.

Vum LN waren den Olivier Hubsch, de Rick Lotzkes an de Nic Rischette dobäi a konnten sech gutt weiderentwéckelen. Allen Dräi hunn och un der ofschléissender Battle deelgeholl. Den Olivier ass direkt an der éischter Ronn op de Schlussgewënner getraff a konnt trotz gudder Performance sech net duerchsetzen. De Nic a Rick hate Pech wëll si géinteneen hu missen untrieden. Nom Run hutt de Gewënner hei Nic geheescht, deen sech awer an der zweeter Ronn liicht blesséiert hutt an domatten ausgescheet war. Trotzdem Bravo Jongen!

Pics

 

 



 
Top! Top!