Relais Orange |
Relais Orange 2014/2015 Den 2. Oktober 2014 hutt eis Schoul um Relais Orange deelgeholl. Des Course ass ee Staffel-Laf, wou 6 Leefer jeeweils 1 Tour ronderëm de Séi (~ 1000 m) op der Kockelscheier lafe mussen. Dëst Joer hunn vir de LN d´Gebridder Weicherding Val, Gil, a Charel, souwéi de Milbert Pit, Oly Sven a Martinez Pablo d´Lafschung ugezunn. Si kommen op eng gutt 6. Plaz mat enger Endzäit vun 21´51. Gewonn hutt de Sportslycée (18´30). Insgesamt hunn 11 Schoulen deelgeholl. Relais Orange 2010/2011 Den 7. Oktober war den LN mat 8 Schüler um Start vum Relais Orange op der Kockelscheier. 14 Schoulen hunn um 8 x 1000-Meter Staffellaf deelgeholl. Mat enger Zäit vun 29´01 sinn eis Jongen op eng exzellente 5.Plaz gelaf! Den LGL (Lycée des Garçons Luxembourg) ass senger Favoritteroll gerecht ginn an hutt och dëst Joer d´Course vir sech kéinten entscheeden. D´Leefer vum LN waren de Jang Wiltgen, Kief Albers, Joé Wiltgen, Joé Piret, Eric Schanck, Tom Oly, Mike Lorang a Jo Kraus. |