Ronderem de Séi 2015/2016
Den 12. Mee 2016 war den LN um Laf "Ronderëm de Séi" zu Iechternach. Des Course haat och dest Joer rem e Succès fou: insgesamt hunn 1203 Leefer a Leeferinnen deelgeholl.
Resultater
Pics
Artikel
Ronderem de Séi 2012/2013
De 16.Mee gouf den traditionelle Laf "Ronderëm de Séi" zu Iechternach vun der LASEL organiséiert. Dëst Joer ware vir den LN leider just 6 Leefer um Depart, an zwar den Oly Sven, Schmitz Eric, Benkhaddou Kenza, Batista Diogo souwéi d´Proffen De Kroon Jan a Schaack Tom.
De Sven leeft als exzellenten 8. an d´Zil mat enger Zäit vun 26´43, 46". Ca. 5 Minutte méi spéit kommen den Diogo als 52. an den Eric als 82. eran. Den De Kroon Jan gett 180. D´Kenza souwéi de Schaack Tom lafen no ca. 41´ zesummen an d´Zil. Insgesamt hunn 704 Leefer deelgeholl!
Resultater
Pics

Ronderem de Séi 2011/2012
De 24. Mee gouf déi zirka 7km-laang Lafcourse "Ronderëm de Séi" nees zu Iechternach vun der LASEL organiséiert. Den LN war dëst Joer mat 11 Leefer um Depart déi sech an ganz gudder Form gewisen hunn.
De Bob Haller vum Sportlyscée ass wéi d´lescht Joer schonn als éischten iwwert d´Arrivée gelaf (26´17,13´´). De Sim Ludovicy kennt just eng gutt Minutt méi spéit un an gëtt 4. (27´31,16´´). Sou wéi hien kennen och den Oly Sven (8./28´09,83´´)) a Kraus Jo (10./28´31,94´´) vir d´éischte Kéier eise Laf-Expert, de Bertemes Pit (13./29´24,30´´) klappen. De Luc Kieffer kennt op déi 18. Plaz (30´09,40´´), de Lorang Mike gëtt 27. (32´13,90´´)an de Foyen Andy gëtt 136. (40´51,90´´). De Kroon Jan kennt op déi 144. Plaz (41´14,75´´). Eist beschte Meedchen ass d´Sabotic Ifeta (426./56´56,48´´) virum Benkhaddou Kenza (428./57´00,02´´) an Anneix Morgane (431./57´15,98´´).
Insgesamt sinn 625 Leefer ënnerhalb vun dem Zäitlimite eragelaf.
Bravo un iech all an e grousse Merci dem Pit an dem Jan vir den Encadrement vun de Schüler!
Resultater
Ronderem de Séi 2010/2011
De 19. Mee war vir d´31. Kéier zu Iechternach de Laf "Ronderëm de Séi". Dëst Joer war eise Lycée leider just mat 3 Schüler an dem Pit Bertemes um Start. Den Haller Bob vum Sportslycée war net ze schloen a gëtt éischte mat enger Zäit vun 25´12,88´´. Beschte Welzer Leefer ass de Pit Bertemes, deen déi 7 Km an 27´58,27´´ gelaf ass an heimatter op déi fiktiv 4. Plaz kennt (d´Proffen ginn aus dem offiziellen Ranking erausgeholl). Beschten LN-Schüler ass de Sim Ludovicy. Hee gëtt mat 28´28,29´´ de 6. vun 893 Leefer! Den Eric Thielen (36´59,67´´) kennt op déi 161. Plaz an de Max Thillens (40´41,13´´) gëtt 272.
E Bravo un d´Leefer vir hier gutt Performance an e Merci un de Pit Bertemes vir den Accompagnement.
Presseartikel LW
Presseartikel TB
Resultater
|