LN Sports Team
   
 
Schwammchampionnat NA

Schwammchampionnat NA 2012/2013

Den 2.Mee 2013 hutt d'alljährlecht Schwammchampionnat vun de Netlizenzéierte vun der LASEL am Lycée technique Michel Lucius stattfonnt. Vir den LN sinn d' Tania Felten an d'Vicky Moonen an d' Waasser gesprong an hei méi wéi eng gutt Performance gewisen.

D' Tania gëtt Championne am 50m Réck bäi de Minimen. D' Vicky schléit als Drëtt un. Am Kraul hutt d'Vicky leider duerch e Feelstart seng zweet Podiumsplaz verpasst.

Resultater

 


Schwammchampionnat NA 2010/2011

Eis 4 Schwëmmer hunn sech exzellent um Schwammchampionnat vun de Net-Lizenzéierte verkaaft! Gläich 5 mol konnten eis Jonge an der Schwämm vum Lycée Technique Michel Lucius an der Stad op de Podium schwammen.

De Philippe Goessens gëtt 1. am 50 m-Brasse (Junior/Senior). De David L´Ortye schwëmmt am 50 m-Kraul op déi éischt Plaz a gëtt drëtten am 50 m-Réck (Junior/Senior). Bei de Minimes kennen de Luc Leyder am 50 m-Brasse an de Dylan Pierret am 50 m-Kraul déi zweet Plaz sech sëcheren.

Resultater a Photoen

 



 
Top! Top!