Schwammchampionnat 2012/2013
Den 31.Januar 2013 gouf am 50-m Bassin vun der Piscine um Geesseknäppchen d´LASEL-Championnat ofgehal. Insgesamt op jeeweils 7 Strecke bei de Meedercher a bei de Jonge gouf de Champion gesicht.
Den LN ass wéi gewinnt mat enger staarker Equipe dohi gefuer. Um Startblock stounge bäi de Meedercher d´Mertens Lynn, Jacoby Shayenne a Joyce, Michelle Meyer souwéi bäi de Jongen de Greg Diederich an de Joel Meyer.
Hei déi exzellent Resultater:
Diederich Greg: 50m Crawl: 1.Plaz (28,6´´)
100m Réck: 1. Plaz (1.13,97´)
100m Crawl: 1. Plaz (1.06,67´)
100m Brasse: 1. Plaz (1.25,57´)
Meyer Joël: 50m Crawl: 3.Plaz (31,30´´)
100m Réck: 2.Plaz (1.23,92´)
100m Crawl: 2.Plaz (1.09,67´)
Mertens Lynn: 50m Crawl: 1.Plaz (30,55´´)
100m Réck: 1.Plaz (1.17,07´)
100m Crawl: 1.Plaz (1.08,55´)
200m Brasse: 3.Plaz (2.55,31´)
Jacoby Shayenne: 50m Crawl: 1.Plaz (32,37´´)
100m Crawl: 1.Plaz (1.12,58´)
100m Brasse: 2.Plaz (1.38,05´)
Jacoby Joyce: 50m Crawl: 4.Plaz (32,44´´)
100m Réck: 3.Plaz (1.23,17´)
100m Crawl: 4.Plaz (1.13,92´)
100m Brasse: 1.Plaz (1.25,57´)
Meyer Michelle: 50m Crawl: 4.Plaz (32,50´´)
100m Réck: 3.Plaz (1.20,57´)
100m Crawl: 2.Plaz (1.11,92´)
Photoen sinn vun eisem Sportograph Nic Lotzkes!
All Resultater Photoen

Schwammchampionnat 2010/2011
Mat 4 Schwëmmer war den LN op dem Schwammchampionnat, deen den 3. Februar am 50m Bassin vum Geesseknäppchen an der Stad ofgehal gouf, vertrueden.
Eis schnellste Schwëmmerin, d' Jennifer Diederich, hutt am 50m-Fraistil (open) an am 100m-Brasse (a senger Alterskategorie) als d'Zweet ugeschloen. Dëst ass och dem Lynn Mertens am 100m-Reck an am 200m-4Nages a senger Alterskategorie gelong.
Resultater a Photoen
Eis Schwëmmer:
Charel Fautsch, Jennifer Diederich, Lynn Mertens a Martine Konijnenberg.

|