LN Sports Team
   
 
Skimeeschterschaft Adelboden

INFOS zur Skimeeschterschaft Adelboden 2015/2016

D'LASEL organiséiert all Joer an Zesummenaarbecht mat der FLS zu Adelboden an der Schwäiz déi national Skimeeschterschaft. Och net-lizenzéiert Skifuerer kënnen hei matmaachen. Et kann een sech vir d'Course am alpine Ski (Slalom a Riseslalom) oder vir d'Langlafcourse aschreiwen.

Mir fuere mam Bus Donneschdes géint 12 Auer fort a komme Sonndes géint Mëtternuecht erëm hei heem un. Freides gëtt um Hang trainéiert a Samschdes a Sonndes déi jeeweileg Course gefuer. Geschlof gëtt am Hotel Hari (www.hotelhari.ch).

D' Rees kascht ca. 300 €

Vir weider Informatioune frot äre Sportsproff oder kommt bäi eis an de Bureau.


 

Skimeeschterschaft Adelboden 2014/2015

D`Martine Konijnenberg gewennt zu Adelboden (Schwäiz) direkt bäi senger éischter Participatioun de LASEL-Champion-Titel am Riseslalom! Am Slalom verpasst eis Sportlerin leider eng Part an gett disqualifizéiert. Felicitatioun!

Zäiten am Riseslalom

Photoen


 

Skimeeschterschaft Adelboden 2013/2014

D'Skimeeschterschaft vun der LASEL an der Skifederatioun gouf dëst Joer vum 16-19. Januar 2014 nees zu Adelboden an der Schwäiz ausgedroen. Vir den LN sinn de Chris Peiffer an de Luca Van Maris gefuer an hunn gutt Performance gewisen. De Chris gëtt 22. (mat FIS-Fuerer) an domat 7. vun de LASEL's-Fuerer am Riseslalom mat eng er Gesamtzäit vun 2:02.17. De Luca fält leider an der 2.Manche raus. Am Slalom ass d' Situatioun genau ëmgedréint. De Luca beleet déi 25.Plaz (overall) an déi 15. vun de renge LASELS's-Fuerer mat enger Zäit vun 1:50.81. De Chris bréngt hei déi 1.Manche leider net an d'Zil.

Photoen

Resultater Rieseslalom Slalom

 


Skimeeschterschaft Adelboden 2012/2013

Vum 17. - 20 Januar hutt d´LASEL mat der lëtzebuerger Skifederatioun nees d´Skimeeschterschaften zu Adelboden an der Schwäiz ausgedroen. Wéi schonn d´lescht Joer war och 2013 de Pol Peifer vir de LN um Depart an hutt souwuel am Rieseslalom wéi och am Slalom deelgeholl.

De Pol fiert Samschdes am Rieseslalom konstant a kennt mat Zäite vu 51´89´´ respektiv 51´13´´ (1. resp.2.Manche) op déi ganz gutt 9.Plaz vum LASEL-Ranking.

Sonndes hutt de Pol am Slalom Pech a verfeelt an der zweeter Manche déi zweetlescht Paart soudatt hien hei net an d´Klassement kennt.

Resultater Rieseslalom Slalom

Photoen

 


Skimeeschterschaft Adelboden 2011/2012

Vum 13. bis den 15. Januar waren och dëst Joer rëm d'Ski-Championnater zu Adelboden an der Schwäiz. Fir den LN war dëst Joer den Pol Peiffer mat um Start. Am Riseslalom ass de Pol no engem gudden éischten Laf, an der zweeter Manche leider ausgefall. Den Dag dono konnt de Pol awer am Slalom iwwerzeegen an eng gutt 5. Plaatz an senger Alterskategorie erausfueren.

Fotoen an Resultater

 


Skimeeschterschaft Adelboden 2010/2011

Am Ski Championnat zu Adelboden ass dëst Schouljoer den Tom Rollinger als eenzege Schüler aus eisem Lycée un den Start gaang. Am Riseslalom gëtt hien den 21. vun 85 Starter. Am Slalom hunn 84 Jongen deelgeholl. Hei ass den Tom leider net bis an d Zil komm.



 
Top! Top!