Stonnelaf géint Aids |
Stonnelaf géint Aids 2013/2014 De leschte Freiden virun der Allerhellegevakanz fiert eise Lycée mëttes op Miersch op de `Stonnelaf géint AIDS´. Bei dësem Laf kanns du eng halef Stonn ganz an dengem Rhythmus lafen. Et ass keng Course mä et geet drëms deng Solidaritéit vir AIDS-Erkrankter ze weisen an Donen vir Associatiounen, déi op dësem Sujet schaffen, ze sammelen.
Mat der Direktioun ass ofgeschwat, dass all Schüler deen un dëser Manifestatioun well deelhuelen, Freides Mëttes fräi kritt, et sief dann dass en dann eng Prüfung hätt. Depart vum Bus ass um 13 Auer um Busparking. Vir 16h00 sinn mir rëm zeréck soudass dier äre Bus vir heem kritt. Weider Infoe fënns du op dësem Site Aidslaf Stonnelaf géint Aids 2012/2013 De 26.Oktober hutt den LN erëm um traditionelle Stonnelaf géint Aids zu Miersch deelgeholl. Vir den LN sinn 22 Leefer gestart an sinn 1 Stonn gelaf. Den Organisateuren, de Leefer souwéi all den Donateuren villmools Merci vir hieren Asaz fir eng gutt Saach!
Stonnelaf géint Aids 2011/2012 De leschte Freiden virun der Allerhellegevakanz ware 50 Leefer a Leeferinnen vum LN um Depart vum `Stonnelaf géint AIDS´. Merci un d'Sportler vir hiere leefereschen Asaz souwéi hiert Engagement bei der Sponsorsich!
|