Dëschtennis 2012/2013
Den 22. Februar gouf déi éischt Editioun vum LN-Dëschtennis-Tournoi ofgehal. 10 lizenzéiert Spiller hunn an Handicap-Matcher hire Champion ermëttelt. Gespillt gouf op 1 Saz. Zum Schluss hutt et geheescht:
Victoire vir d' Lynn Stolz (C1) virum Sam Hendel an dem Pit Hübsch (béid D1).
Bei de Net-Lizenzéierten hunn 18 Spiller d'Rackett an de Grapp geholl. Hei hu mir op Zäit gespillt. Um Schlusspodium stoungen hei an der Pool A de Rick Pinazza virum Joé Peiffer an dem Hamza Sadovic. An der Pool B haat de Chris Staudt d'Nues vir, virum Tobias Andrzejewski an dem David Fourmann.
Pics

|