LN Sports Team
   
 
Streetball

Streetball 2013/2014

De 4. Dezember gouf rëm Streetball am LN gespillt. 7 Equipen hunn hir Basketsschung ugedunn an hir d´Bescht ginn. Merci all de Spiller vir dee flotten Tournoi!

Dëst Joer hu mir d´Equipë gemëscht vir ausgeglache Matcher ze kréien. Gewonnen hutt d´Equipe Diogo, ...Den Diogo hutt soumat vir d´Drëtt hannereneen de Streetball gewonn.

Pics


Streetball 2012/2013

De 25. Januar gouf eisen traditionelle Streetball-Tournoi am LN gespillt. Dëst Joer waren 9 Equipen um Start an wéi gewinnt sinn d´Matcher an enger flotter Atmosphär gespillt ginn. All de Spiller e grousse Merci fir hire Fairplay-Geescht!

D´Titelverdeedeger konnten sech wéi dach erwaart duerchsetze soudass d´Gewënner 2013 Diogo, Emir, David a Fränz heeschen.

Op déi zweet Plaz spillt sech d´Equipe vum Amra, Nadjahou a Samuel. Iwwerraschungs-Drëtt goufen de Joé, Charel a Rick.

Pics


Streetball 2011/2012

Während 2 Freideger gouf den LN-Streetball-Champion gesicht. Iwwert 35 Schüler a Schülerinnen hunn deelgeholl. Während déi Joere virdrun d´Spiller aus enger Equipe hunn missen aus der selwechter Klass sinn, konnten d´Equipen sech an dëser Editioun fräi zesumme stellen. No 40 gespillte Matcher stoung de Gewënner 2011 fest:d´Equippe Emir, Diogo a David! Zweete gouf d´Nora, Patrick, Tom a Billy virun der Equippe vum Nadjahou.

D´Sportsproffe felicitéieren all de Spiller vir hire Fairplay! Bravo!

Pics


Streetball 2010/2011

Den 15. an 22. Oktober gouf Freides an der Mëttesstonn Streetball gespillt. 9 Klassen hu sech hei an enger flotter a fairer Atmosphär dualéiert. MERCI heifir! An der Final hunn d´Spiller vun der 9STP6 (Jason Ribeiro, Patrick Finke a Bryan Pinas) d´2DG mat XXXX geklappt. Drëtt gouf d´8POF.

Photoen

1. 9STP6
2. 2DG
3. 8POF
4. T3IF
5. 3BC
6. 9STP2
7. 6M
8. 4M2
  13 GE (h.c.)

 



 
Top! Top!