Zënter dem Schouljoer 2009/2010 ginn d´Sportstonnen am neien Sportkomplex ofgehal.
 |
 |
 |
Eis Sportshal kann an 3 Partien ënnerdeelt ginn.
Ballsportaarten souwéi Liichtathletik ginn hei haaptsächlech ënnerriicht.
|
 |
Während mir d'lescht Schouljoer an engem Drëttel vun der Sportshal Turngeräter fest stoe gelooss hunn vir d´SchülerInnen beschtméiglech an d´Geräteturnen an an d´Trendsportaart Parcours hinzeféieren, ginn dëst Joer hei Réckschlagspiller (Volleyball, Badminton) geléiert.
Och hu mir eng Klammwand vun ongeféier 6 Meter Héicht.
|
 |
An der Salle polyvalente befënnt sech ee grousse Spigel an och ee Beamer.
Virrangeg gëtt hei am Bewegungsfeld Darstellen und Gestalten (Step, Aerobic, Tae Bo, Akrobatik) geschafft souwéi Kampfsportarten, Unihockey an Dëschtennis enseignéiert. |
 |
Eis Galerie notze mir als Spinning-Sall.
|
 |
An eisem Muskulatiouns-Sall kennen d´SchülerInnen op diverse Geräter trainéieren. Och Floorwork ass méiglech. |
 |
Eis Schwämm hutt ee grousse 25-Meter-Bassin mat fënnef Couloiren, ee klenge Bassin, zwee 1-Meter-Sprangbrieder an een 3-Meter-Turm.
Ëffnungszäiten
|
|